Dat nodeems se an engem éischte Spezialbericht 2022 grouss Problemer an der zouener Struktur fir Jonker beschriwwen haten, ënner anerem en totaalt vereelzt Konzept.
Zënter méi wéi 7 Joer gëtt et déi zoue Struktur fir Mineuren zu Dräibuer an zënterhier steet se an der Kritik. Dat virun allem well d‘Infrastrukturen ze kleng sinn, awer och well et reegelméisseg zu Rebelliounen an aneren Tëschefäll koum.
Am Summer 2021 waren d’Ombudsman Claudia Monti an hirer Qualitéit als externe Kontroller vun zouene Strukturen an den Ombudsman fir d’Rechter vu Kanner a Jugendlechen, Charel Schmit mat der Redaktioun vun engem Spezial-Rapport befaasst ginn. An deem Dokument war d’Joer drop ënner anerem en total vereelzt Konzept monéiert ginn. Haut wier awer villes besser, sot d’Claudia Monti. Sou wieren zum Beispill Efforte bei den inadequate Gebailechkeete gemaach ginn.
“Ech mengen, wat ganz flott ass, d’Infrastruktur ass iwwerschafft ginn, et ass emol scho fir unzefänken, näischt méi futti.”
Et goufe kloer intern Reegelen en place gesat an d’Rolle si präzis definéiert: “Déi Proximitéit, déi tëscht verschidden Educateuren ass an deene Jonken, déi ass elo net méi, et ass elo kloer gesot ginn: Dir hutt Är Distanzen ze halen. Dir sidd do, fir iech ëm déi Jonk ze këmmere. Dir sidd net déi grouss Schwëster.”
Eng ganz wichteg Neierung wier e Kriseplang, sou d’Ombudsman weider: “Wann eppes geschitt, weess jidderee ganz kloer, wie wat soll maachen, wat fir eng Prozeduren a wat fir enger Reiefolleg ze respektéiere sinn”.
Vill Recommandatioune wieren ëmgesat ginn. Och den Okaju stellt Verbesserunge fest, zum Beispill d’Aféierung vun engem Bonushef:
“Livret de récompense et de sanction, also wann ee sou wëllt, ee Bichelche mat Laachmännercher a Kräischmännercher”, sou de Charel Schmit, dee begréisst, datt elo eng Sortie méiglech ass.
“Wann de Jugendleche sech positiv verhält iwwer méi Wochen, dann huet en d’Méiglechkeet, och emol eng Kéier en hallwen Dag oder en Dag am Fong erauszegoen. Da kann e seng Familljekontakter oder seng Bekannten treffen. E kann awer och sech virstelle goen op eng Stageplaz”.
Bedauert gëtt awer eng Kleederuerdnung zu Dräibuer. D’Unisec wier kee Prisong an do géif et déi Reegel och net ginn, sou d’Claudia Monti: “Si kréie scho wansinneg vill geholl. Et ass schonn en immensen Ënnerscheed, wann s de vun dobaussen era flitts an d’Unisec a wann s de dann nach gesot kriss: muer däerfs de net méi däi Super XL Pullover do undoen, mee du dees elo dat u wat ech dir soen, du däerfs vläicht eng Nummer méi grouss huelen, mee du dees awer dat u wat ech der raus ausleeën, dat ass net flott”.
Bei engem Virfall sollen déi Jonk systematesch gehéiert ginn a si sollen en Affekot zur Verfügung gestallt kréien, dëst ass eng weider Fuerderung. A punkto Reform vum Jugendschutz hofft een elo mat Bléck op de Legislateur op eng séier Ëmsetzung.
Op engem Punkt sinn d’Médiatrice an den Okaju sech awer net eens. Wann d’Strof fir de Jonke fäerdeg ass, kéint a verschiddene Fäll an enger extraer Struktur e Suivi gemaach ginn, fir datt de Concernéierte léiert, eegestänneg ze liewen, sou d’Claudia Monti. Dës Iddi wier eng Dier, déi een net sollt opmaachen, fënnt dogéint de Charel Schmit.