Beefort, Bäerdref an NoumerAn dräi Gemenge ginn e Sonndeg d'Kommunalwale vum Juni nogeholl

Sarah Cames
Diana Hoffmann
Den 8. Oktober si bekanntlech Chamberwalen. Ma zu Beefort, Bäerdref an Noumer sinn d'Bierger gläichzäiteg opgeruff, e Gemengerot ze bestëmmen.

Wärend d’Walen an der Majorzgemeng Bäerdrefwéinst dem Doud vun engem Kandidat ofgesot goufen, gouf d’Resultat zu Beefort annuléiert, well ee vun de Kandidaten net an der Gemeng ugemellt war. Am zweete Versuch trieden an der neier Proporzgemeng elo esouguer méi Kandidate wéi den 11. Juni un. An dësen zwou Gemenge ginn d’Kommunalwalen also komplett nogeholl.
An der Gemeng Noumer gëtt et iwwerdeems e Sonndeg eng Komplementarwal. Well sech net genuch Kandidaten op d’Gemengewalen den 11. Juni gemellt haten, misst am Juni do net gewielt ginn. Dofir gëtt dann awer e Sonndeg gewielt, fir déi dräi fräi Plazen am Gemengerot ze besetzen.

Eng ganz Partie Leit sinn e Sonndeg de Moien awer och fir d’Chamberwalen an engem vun den 739 Walbüroen queesch duerch d’Land ënnerwee. Vun den 285.074 ageschriwwene Wieler wäerten sech awer een Véierel net deplacéieren, well se Bréifwal ugefrot haten. An Zuelen sinn dat 69.015 Leit, dorënner just 6.400 Lëtzebuerger, déi am Ausland liewen. Wa jiddereen, deen ageschriwwen ass, gewielt huet, sinn am Nomëtten am Schnëtt pro Büro 292 Leit passéiert.
Bei de Chamberwalen 2018 goufen et 28.376 ageschriwwe Wieler manner, wéi dëst Joer. Deemools haten net ewéi dëst Joer 25, mee just 16 Prozent Bréifwal ugefrot. Um Enn ware 7,2 Prozent vun de Walziedelen, déi ofgi goufen, ongülteg. 23.684 Ziedel waren net an engem Walbüro gelant, wat 9,2 Prozent vun de Gesamtwieler ausmécht. Bei de Parlamentswalen 2013 ware 6,8 Prozent vun de Walziedel ongülteg, also wäiss oder falsch ausgefëllt.

Weider Informatioune ronderëm d’Walen an d’Kandidaten an den dräi Gemengen fannt Dir hei:

Back to Top
CIM LOGO