Carlo Bentner am Alter vu 70 Joer gestuerwen

Nieft de 6 Gemengen, wou am Juni net gewielt gëtt, kënnt lo mat Bäerdref eng weider dobäi - dat aus engem tragesche Grond.
Mam Doud vum Carlo Bentner ass ee vun de Kandidaten an där Ostgemeng verscheet.
Domat applizéiert sech RTL Informatiounen no den Artikel 203 vum Walgesetz*, sou datt am Stierffall vun engem Kandidat an enger Majorzgemeng d'Wale musse reportéiert ginn.
De Conseiller Carlo Bentner ass mat 8 weidere Kandidaten an aktuelle Schäffen a Conseilleren ëm de Buergermeeschter Joé Nilles mat an d'Wale gaangen.
Zu Bäerdref hate sech 16 Kandidaten fir déi 9 Sëtz am Gemengerot opgesat - wéi gesot sinn d'Walen vum Juni op e spéideren Datum reportéiert an och nei Kandidature ginn nees ugeholl.
"D’Equipe fir eis Gemeng" seet dem Carel Bentner an engem Message op de soziale Reseauen "als engagéierte Bäertrefer" Äddi, dat nodeems de Politiker 18 Joer aktiv an der Gemengepolitik engagéiert war.
E Sonndeg war de Carlo Bentner am Alter vun 70 Joer no kuerzer Krankheet gestuerwen.
Aus Respekt virun dem Verstuerwenen a senger Famill gouf ee sech mat der Ekipp "Impuls Bäertref" eens, fir d'Walcampagne rouen ze loossen.
Bei de Walen 2017 war de Carlo Bentner de 6t-Gewielten zu Bäerdref a souz zanterhier als Conseiller am Gemengerot - ee Posten, op deem hien zanter 2005 war.
Walen den 8. Oktober 2023
Zu Bäerdref bleift et elo awer beim Datum vum 8. Oktober. Dat krute mer aus dem Inneministère confirméiert. D'Gemengewalen an d'Chamberwale ginn an där Majorzgemeng also parallel ofgehalen.
Um Dënschdeg waren de Ministère an d'Gemeng sech jo nach net definitiv eens ginn.
*
Art . 203 .
En cas de décès d’un candidat survenu après l’expiration du délai fixé pour la déclaration des candidatures, et au moins 5 jours
avant l’élection, celle-ci doit être reportée à un jour à fixer par le ministre de l’Intérieur, pour que, le cas échéant, de nouvelles can-
didatures puissent se produire.
Les formalités utilement remplies demeurent acquises.
Les électeurs sont convoqués, huit jours au moins avant le jour fixé pour le scrutin, par le président du bureau principal, moyen-
nant affiches à apposer dans toutes les localités de vote de la commune et par la voie de la presse écrite.
(Loi du 10 février 2004)
«Si la date des élections est reportée, les enveloppes de transmission provenant des électeurs admis au vote par correspondance
pour les élections reportées sont remises au président du bureau de vote principal de la commune assisté des assesseurs et du secré-
taire de son bureau, aux date et heure indiquées à l’article 271. Le bureau les détruit avec leur contenu, sans autre manipulation.»