
Well hie wéinst mentalen Trubelen zum Zäitpunkt vun der Dot strofrechtlech net responsabel war, gëtt e jonke Mann an enger spezieller Struktur placéiert: Dat war d'Uerteel, en Dënschdeg am Nomëtten, um Stater Geriicht an enger Affär vun u sech versichtem Mord.
De Mann hat am September 2017 zu Esch am Auto vu sengem Cousin eng Fläsch mat Bensin dran ugefaangen; zum Tëschefall war et bei der aler Eisebunnsbréck am Neiduerf komm. No der Dot war de Beschëllegte fortgelaf a kuerz drop an engem Foyer festgeholl ginn.
An enger 1. Phas ware fir déi Dot 15 Joer Prisong gefrot ginn, ier eng weider psychiatresch Expertise zum Schluss koum, de Mann wär op penalem Plang irresponsabel.
De Me Says, säin Affekot, sot sech zefridde mam Uerteel.
De Cousin krut Schuedenersatz an Héicht vun 2.500 € zougesprach an eng Assurance ronn 27.500 €.