
Zu Jonglënsteriwwerhëlt d’DP d’CSV a kann elo de Buergermeeschter stellen. De Ben Ries (DP) krut déi meeschte Stëmmen a behaapt sech virum Raphaël Schmitz (CSV). De Gilles Baum (DP) kënnt op Plaz 3.
E weidere Muechtwiessel gëtt et dann och zu Iechternach. D’DP gëtt stäerkste Partei mat engem Plus vu knapps 11 Prozent. D’Deputéiert Carole Hartmann seet sech bereet, Buergermeeschtesch ze ginn.
Zu Gréiwemaacherbleift d’CSV stäerkste Partei mat engem Léon Gloden, dee weiderhin de Buergermeeschter-Poste wäert besetzen.
Zu Mäertertdominéiert d’LSAP ëm de Buergermeeschter Jérôme Laurent.
Zu Réimechblouf bei der Sëtzverdeelung alles beim Alen. De Buergermeeschter Jacques Sitz (DP) konnt säi Resultat vun 2017 bestätegen an ass nach emol Beschtgewielten.
Zu Wuermerass et “Är Equipe fir d’Wormer Gemeen” déi als Walgewënner ervirginn, dat ëm e Max Hengel, deen déi meeschte Stëmme krut.
Zu Rouspert-Mompech ass et d’Fräi Lëscht ëm d’Buergermeeschterin Stéphanie Weydert, déi de beschte Score mécht.
Zu Munnerefwar et dann och eng kloer Dominanz vun der DP ëm de Buergermeeschter Steve Reckel, deen iwwer 500 Stëmme konnt zouleeën am Verglach mat 2017.
Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun alle Resultater aus alle Gemengen