Bierger solle méi agebonne ginn2. Renaturéierungsdësch: 51 nei Mesurë goufe presentéiert

Diana Hoffmann
Schutz géint Héichwaasser, géint Dréchent an eng besser Waasserqualitéit: Alles dat wëllt ee mat den 51 Mesuren erreechen, déi am Kader vum Renaturéierungsdësch ausgeschafft goufen.
Archivbild
© Christophe Hochard

Dëst ass eng Dialogplattform, déi d'Regierung, d'Gemengen, d'Waasserverwaltung a weider Acteuren zesummebréngt, fir iwwert eng séier Renaturéierung vu Flëss a Baachen ze diskutéieren. Aktuell géing d'Renaturéierung ze laang daueren, dacks tëschent 7 an 10 Joer, seet den Ëmweltminister Serge Wilmes.

"An Zukunft musse mer do awer méi séier virukommen a just nach eng Hand voll Joer brauchen, fir d'Haapt- an Nieweflëss zu Lëtzebuerg ze renaturéieren."

Eigentlech missten nämlech, enger Zilsetzung vun der Europäescher Kommissioun no, bis den 1. Januar d'nächst Joer all d'Flëss a Baachen am Land an engem gudden Zoustand sinn.

"Dat wäerte mer net erreechen. Dat hu mer elo déi leschte 15 Joer net erreecht, dat wäert och dës Kéier net erreecht ginn. D'Haaptgrënn kenne mer entretemps. Mer sinn e Land, wou vill Leit wunnen a wat industrialiséiert ass. Et ass e groussen Drock op eise Gewässer."

Vill Efforte wiere gemaach ginn, mee et géing net duer. Nom éischte Renaturéierungsdësch goufen dofir elo 51 Mesuren ausgeschafft.

Eng vun de Prioritéite wier et, d'Bierger mat u Bord ze huelen, betount d'Nora Elvinger, Directrice des Ressources naturelles, de l'eau et des forêts beim Ëmweltministère: "Dass d'Leit sech bewosst ginn, wat dat fir si fir Beneficer huet. Dass mer hinnen och finanziell Ureizer ginn. An dass mer och Terraine mobiliséiert kréien, fir séier mat der Renaturéierung virun ze kommen."

D'Mobiliséierung vun den Terraine wier aktuell ee vun de grousse Problemer bei der Renaturéierung, seet de Serge Wilmes. Eng Pist wier, dass een den Terrain als Gemeng oder Staat net vun de private Proprietäre kafe misst.

"Dass een dat och ka maache mat engem Bail emphytéotique. Dat heescht, e Kontrakt op laang Zäit, wou een den Terrain zur Verfügung gestallt kritt. Oder mer ginn hin a maachen e Remembrement. Da ginn Terrainen anescht opgedeelt."

Net just fir d'Gesellschaft soll e Benefice do sinn duerch d'Renaturéierung, mee och fir déi, déi hiren Terrain zur Verfügung stellen, mengt d'Nora Elvinger.

"Mir wëllen do nei finanziell Ureizer ginn, eng Aart Klimabonus en place sëtzen. Oder och fir déi Zerwisser, déi d'Bewirtschafter leeschten, kucke mer hinnen eng Remuneratioun ze ginn."

Och den Inneministère ass mat diverse Projeten involvéiert, wat d'Resilienz bei Héichwaasser ugeet. En neit nationaalt Bautereglement soll zum Beispill dozou féieren, dass d'Gemenge méi klimafrëndlech ginn, seet den Inneminister Léon Gloden.

"Zum Beispill e Parking vun enger gewësser Surface däerf net méi mat Makadamm versigelt ginn, mee dat muss mat waasserduerchlässegem Buedem gemaach ginn. Mir hu virgesinn, dass ee muss Zisternen an de Buedem leeën, fir d'Reewaasser opzefänken. An eng Rei aner Mesuren, fir d'Begréngung vum ëffentleche Raum a vun den Haiser besser hinzekréien."

Doriwwer eraus schafft een un engem nationale Stock un Noutfallmaterial, wéi Waasserpompelen, am Fall vu Katastrophen. An den Inneministère gëtt e sougenannte Resilienzbonus, wa Gemengen zum Beispill Sportshale bauen, déi an Noutsituatioune kënne genotzt ginn.

"Dat heescht, am Noutfall kënnen esou Infrastrukturen e gewësse Pourcentage vun der Populatioun ophuelen. Déi kënnen do schlofen, ginn do betreit, kréien do eppes z'iessen."

Déi 51 Mesuren, déi um 2. Renaturéierungsdësch presentéiert goufen, sollen elo esou séier wéi méiglech ëmgesat ginn. De Serge Wilmes hofft, dass den Aktiounsplang mat der Wassergouvernementsstrategie am Hierscht an de Regierungsrot kënnt an do och wäert ugeholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO