ChamberkommissiounÄnnerungen an der Fonction publique goufe presentéiert

Pit Everling
Kevin Kayser
D'80-80-90-Regelung ofzeschafen, ouni Etüd, stéisst op Kritik vun der CSV. Ëmmerhin kascht dëst de Staat 41 Milliounen Euro, eleng 2019.
De Marc Hansen huet d'Fonction publique vum Dan Kersch iwwerholl.
De Marc Hansen huet d'Fonction publique vum Dan Kersch iwwerholl.
© SIP / Jacques Schneider

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP hat sech laang dofir agesat. D'80-80-90-Reegelung gëtt ofgeschaaft an de Stage gëtt vun 3 op 2 Joer gekierzt. D'Ännerungen an der Fonction publique stoungen e Mëttwoch de Moien um Ordre du jour vun der zoustänneger Chamberkommissioun. Den neie Ressortminister Marc Hansen huet den Deputéierten Explikatioune ginn.

A la base geet et jo ëm eng Spuermoossnam, déi op d'Joer 2011 an op den deemolegen CSV-Minister François Biltgen zeréckgeet, 2015 gouf dat Ganzt dunn ënnert dem LSAP-Minister Dan Kersch ëmgesat.

D'CSV-Deputéiert Diane Adehm ass bësse skeptesch, well elo zeréckgeruddert gëtt. Et ass e Gesetz, wat viru 4 Joer gestëmmt gouf an nach net esou laang a Kraaft ass. An dëst gëtt elo, ouni eng Etüd gemaach ze hunn, réckgängeg gemaach, vum fréiere Minister Kersch gouf dat einfach virun de Wale versprach. Dëst kascht awer 41 Milliounen Euro eleng fir d'Joer 2019 an och de Stad muss kucken, wou hie seng Enner beienee kritt.

Extrait Diane Adehm

Eng grouss oppe Fro wier zum Beispill déi, ewéi d'Changementer an der Educatioun sollen ëmgesat ginn, do hätt ee bis ewell keng valabel Äntwert kritt, esou nach d'Diane Adehm.

Am Gesetz wäerten iwwerdeems eng Rei Iwwergangsbestëmmunge spillen, seet de President vun der Kommissioun, den DP-Deputéierte Gusty Graas. Dat, well jo vill Leit nach am Stage sinn an dat Ganzt retroaktiv op den 1. Januar 2019 gemaach gëtt. Positiv gesäit et de Gusty Graas awer och, datt den Inap reforméiert gëtt.

Extrait Gusty Graas

Den Text ass leschte Freideg am Regierungsrot ugeholl ginn. En dierft an den nächsten Deeg deposéiert ginn.

En anert Gesetz, wat beschwat gouf a fir dat de Rapport ugeholl gouf, betrëfft d'Iessgeld. Do kënnt eng Augmentatioun vu 60 Euro pro Mount.

Back to Top
CIM LOGO