Méi kleng awer bessere GoûtÄppelbeem si gutt duerch den ze waarme Summer komm

RTL Lëtzebuerg
Duerch Netzer, déi iwwert de Beem gespaant waren, goufen dës net just viru Knëppelsteng geschützt, ma deels och virun der viller Sonn.
Äppelbeem si gutt duerch de Summer komm
Netzer iwwert de Beem schützen net just viru Knëppelsteng ma och virun ze vill Sonn

De ville Reen vun dësem Weekend hätt esou munchen Uebst- a Geméisbauer sech an den Summerméint gewënscht. Di laang Dréchent am Juli an am August hu ville Planzen net gutt gedoen. D’Steeseler Äppelbeem wieren awer relativ gutt duerch den ze waarme Summer komm.

Diederik Collas, Uebstbauer: “Et si vläicht e puer Plazen op der Anlag, wou mer eis et e bësse besser gewënscht haten, mä ech mengen am allgemengen dierfe mer iwwerhaapt net kloen. Och wann d’Äppel vläicht heiansdo e bësse méi kleng sinn, mä op der anerer Säit, de Goût ass exzeptionell gutt. Mir hunn duerchschnëttlech däitlech méi Zocker an de Fruuchte wéi an engem Joer, wou mir manner Sonnestonnen hunn. Also an deem Sënn bekloe mer eis net.”

Iwwert ville Beem sinn ewell Netzer gespaant, déi viru Knëppelsteng solle schützen. Ma wéi sech erausstellt, hunn dës Netzer och bei bloem Himmel e positiven Effekt.

Diederik Collas: “Mir gesinn haut däitlech, dass wa vill Sonn ass an extrem héich Temperature sinn, dass dat d’Beem och schützt. D’Sonneliicht gëtt gefiltert vum Netz, dofir hunn d’Beem manner Stress a si sinn och manner empfindlech fir d’Dréchent.”

Zu Steesel ginn op 12 Hektar 13 Zorten Äppel ugebaut. Wann d’Temperature weider klammen a Lëtzebuerg méi dacks mat laangen Drécheperiode geplot ass, misst een och nei Zorten ubauen.

Henri Reuter, President Steeseler Uebstbaugenossenschaft: “Dat muss een elo gesinn, wat do nach op de Maart kënnt. A wann dat esou weider geet, da musse mer och mat 2-3 neien Zorte probéieren.”

D’Äppelfest, dat vum Supporterclub vum Steeseler Basket organiséiert gëtt, geet iwwert 3 Weekender. Och deen nächste Samschden a Sonnde kënnen d’Leit dann hei an de Bongerten Äppel plécken a schmaachen.

Back to Top
CIM LOGO