
Kuerz viru 4 Auer an der Nuecht op e Méindeg huet an der Rue Gadderscheier zu Zolwer eng Industriehal gebrannt. Am Asaz fir d'Feier ze läschen, waren d'Pompjeeë vum Zenter SaDiff, vu Péiteng a vu Käerjeng. Och d'Ambulanciere vum Zenter SaDiff waren op der Plaz, et gouf awer keng Persoun beim Brand blesséiert.
E Sonndeg den Owend waren d'Ekippe vum CGDIS iwwerdeem 9 Mol am Asaz wéinst Bränn. Ënnert anerem hat Gréngs gebrannt, e Container, eng Poubelle an eng Eisebunnsschinn. Zu Esch um Boulevard Kennedy hat et ausserdeem an engem Haus gebrannt.
De CGDIS mellt dann och nach een Accident e Sonndeg géint 19:40 Auer um CR157 tëscht Alzeng a Réiser. Hei war e Motocyclist gefall, gouf dobäi awer net blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Hesper an d'Ambulanciere vu Mamer.