
Wéinst 7 verschidde Vegetatiounsbränn waren d'Pompjeeën um Sonndeg am Asaz. "Mir stelle fest, wann et méi waarm, méi dréchen dobaussen ass a wéineg gereent huet, geet hei zu Lëtzebuerg de Risiko wéinst Bëschbränn an d'Luucht". Sou de Colonel Steve Meyer vum CGDIS.
D'lescht Woch hunn d'Pompjeeë wéinst 15 där Bränn missen eraus. "Dat war änlech ewéi déi Woch vum 22. Juni, wou mir déi Canicule iwwer Nationalfeierdag haten. Déi Woche virdru ware mir éischter bei maximal 5 Asätz. Wéinst der Dréchent an den héijen Temperaturen ass de Vegetatiounsbrandrisiko extrem héich".
Zil ass et, ëmmer d'Brandausbreedung ze verhënneren. Datt et net méi grouss gëtt. "An enger zweeter Phas geet et drëms, de Brand anzedämmen. Personalintensiv sinn duerno d'Noläschaarbechten um Terrain, fir d'Feier komplett auszekréien a sécher ze stellen, datt et net nach eemol komplett ugeet". Sou de Steve Meyer vum CGDIS.
Hei zu Lëtzebuerg ginn et virun allem Vegetatiounsbränn. Mat sougenannte Feierpatschen gëtt versicht, dës Bränn auszeschloen. Dëst geschitt virun allem op Plazen, wou et méi schwéier ass, u Waasser ze kommen.
Fir Vegetatiounsbränn z'evitéieren, gëllt et, sech un e puer Consignen ze halen.
Entdeckt een e Feier, ass et wichteg, sech selwer mol a Sécherheet ze bréngen. Duerno dann dem 112 uruffen an do där Persoun genau beschreiwen, wat ee gesinn huet a wou een drun ass. Wann d'Secouristen dann op d'Plaz kommen, sech erkennbar maachen an de Pompjeeë genee weisen, wou et brennt.
Aktuell geet ee beim CGDIS dovunner aus, dat et nach zu Vegetatiounsbränn komme wäert. Net méi spéit ewéi um Méindegnomëtteg huet et an der Houschter Déckt gebrannt. Virum Rond-point Schinker koum et zu engem Feier, wéinst deem eng ganz Rei Secouristen am Asaz waren. "Mir suivéieren dat mat verschiddenen Indexen, déi mir zum Deel mat Meteolux awer och iwwer den europäesche Beschbrandmonitoring analyséieren".
Bis op mannst Enn der Woch wäert de Risiko op Bëschbränn relativ héich bleiwen. Dëst confirméiert eis de Steve Meyer vum CGDIS op Nofro hin.
Bei der Naturverwaltung hu mir a Saache Vegetatiounsbränn och nogefrot. An engem Communiqué heescht et do:
"Wat d’Gestioun vun de Bëscher ugeet, bedeit dat fir d’Naturverwaltung natierlech. datt een iwwer déi nächst Joerzéngten evaluéiere muss, wéi een zum Beispill d’Peuplementer vun de Bëscher esou upasst, datt dës – ëmmer a Berécksiichtegung vun der lokaler Biodiversitéit – méi resilient ginn. Hei spille Facteure wéi de Klimawandel mee eben och d’Gefor vu Bëschbränn eng wichteg Roll".