
Am Bësch vu Fontainebleau, südlech vu Paräis, ass e Sonndeg e Feier ausgebrach an huet sech séier ausgebreet. De Pompjeeën no goufen déi éischte Kéier zwee Läschfligeren aus dem Süde vu Frankräich an d'Regioun vun der Haaptstad geschéckt. De Verkéiersminister Philippe Tabarot huet matgedeelt, datt wéinst dem Feier d'A6 - eng wichteg Verkéiersoder a Richtung Süden - deels gespaart huet misse ginn.
Um éischte Vakanzen-Weekend war och den Zuchtrafic op der TGV-Streck an de Südoste vu Frankräich "gestéiert", heescht et weider vum Minister. Déi franséisch Bunn SNCF huet e Sonndeg den Owend op hirem Site matgedeelt, datt Zich, déi vun der Paräisser Gare de Lyon ewech oder dohi fueren, bis zu sechs Stonne Retard hätten.

D'Feier am Bësch vu Fontainebleau war um spéide Sonndegnomëtteg nieft der A6 ausgebrach an hat sech iwwer d'Beem ausgebreet. D'Pompjeeën hate vun engem "immens heftege" Feier geschwat. D'Ausmooss vum Brand wier "aussergewéinlech", esou nach de Vize-Préfet vu Fontainebleau, de Yannis Bouzar.
Ronn 400 Pompjeeë sinn am Asaz géint d'Flamen, déi bis kuerz no Mëtternuecht schonn 800 Hektar Vegetatioun zerstéiert hunn a sech weider ausbreeden. Vu Bordeaux an Nîmes goufen zwee Läschfligere geschéckt. Wéi et vun der franséischer Pompjees-Vereenegung heescht, wier et déi éischte Kéier, datt Läschfligeren aus dem normalerweis méi dréchenen a méi waarme Süde vum Land an d'Regioun Paräis geschéckt goufen. Donieft sinn och schonn zwee Pompjees-Helikopteren an een Iwwerwaachungsfliger am Asaz.