
D’Regierung an hir Majoritéit an der Chamber hätten et fäerdeg bruecht, Lëtzebuerg, trotz deem Dauerstress op engem kohärenten a stabille Kurs ze halen. Dat sot den DP-Fraktiounspresident Gilles Baum op der Bilanspressekonferenz vun der liberaler Fraktioun um Enn vum parlamentaresche Joer.
Ier et an d’Summervakanz geet, gouf nach eng Kéier op dat lescht Chamberjoer zeréckgekuckt, awer och schonn ee Bléck no virgehäit op déi zukünfteg Defien. Där waarden der nämlech genuch, esou de Constat de Méindeg de Moie vun den Deputéierten. De Logement, d'Energietransitioun an d’Stäerke vun der Kafkraaft géinge weider zu de Prioritéite gehéiere fir d’DP-Fraktioun.
Mam Resilienzpak, deen am Kader vun der Tripartite ausgehandelt gouf, géing een de Leit an der Wirtschaft duerch d’Kris hëllefen. Virop beim Logement misste weider Efforte gemaach ginn, esou de President vun der liberaler Fraktioun. 500 Milliounen Euro hätt de Staat bis elo am Kader vum VEFA-Programm an de Grapp geholl. Et kéim nach eng weider Enveloppe vun 300 Milliounen Euro dobäi.
Et wieren och Gesetzesännerungen an der Maach fir den abordabele Wunnraum mam Zil, d’Gesetzer méi un déi haiteg Realitéiten unzepassen. Op d’Fro vun der Press, ob et net endlech un der Zäit wier, ee Loyersdeckel anzeféieren, huet de Gilles Baum gemengt, dat wier ee massiven Agrëff an de Marché a schwéier op nationalem Niveau ëmzesetzen. D’Loyerspräisser an der Stad wieren nämlech ganz anerer wéi zum Beispill zu Wolz oder Munneref. Villméi misst massiv gebaut ginn.
Déi aktuell Hëtztwellen hätten och nach eng Kéier gewisen, datt méi klimaresistent misst gebaut ginn a wéi wichteg all Euro wier, deen an de Klimaschutz an an alternativ Energiequelle géing investéiert ginn, esou de Fraktiounspresident vun der DP. Et misst een och lassgeléist vun der Tripartite kucken, fir deemnächst d’Aide fir Photovoltaik-Anlag an d’Elektroautoen nach emol ze iwwerschaffen. Déi lescht Joren hätten nach eng Kéier ganz kloer gewisen, wéi wichteg d’Onofhängegkeet vun de fossillen Energië wier.
Weider Sujeten op der Bilanspressekonferenz vun der DP-Fraktioun waren ënnert anerem d'Defense, d'Immigratioun an d'Aarmutsbekämpfung.