Schéckt eis Är Froen!"Dir hutt d'Wuert" zum Thema Mesurë géint d’Hëtzt

Annick Goerens
D’Temperature klammen an Hëtztwelle gehéieren ëmmer méi dacks zu eisem Alldag.

An eisem leschten "Dir hutt d’Wuert" virun der Summerpaus wëlle mir vun Iech wëssen: Wéi gitt Dir doheem mat der Hëtzt ëm? Wat funktionéiert gutt? Wou feelt et nach u Léisungen? A wéi fënnt een de richtegen Equiliber tëscht Klimaanlagen a Ventilateuren engersäits, a méi nohaltege Mesuren - wéi gudder Isolatioun, Photovoltaik oder méi Gréngs - anerersäits?

Bei eis am Studio sinn de Fenn Faber an d’Sarah Juchems vun der Klima-Agence, déi Iech mat Rot an Dot zur Säit stinn.

Rufft eis un e Méindeg de Moien um 1330 oder schreift eis elo schonn iwwert de Formulaire op rtl.lu. Eis Emissioun "Dir hutt d’Wuert" iwwert Mesurë géint d’Hëtzt leeft e Méindeg de Moien direkt no de Noriichten um 8 Auer.

Wann Dir op dëser Plaz kee Formulaire gesitt, da musst Dir warscheinlech d'Cookies acceptéieren.

Back to Top
CIM LOGO