En Dënschdeg live zu LëtzebuergHuet d'Katy Perry e "Special guest" dobäi?

Tom Nols
Mam Katy Perry trëtt en Dënschdeg eng weltbekannt Sängerin um Kierchbierg op. Huet si eventuell eng net manner bekannte Persoun mat dobäi?
Katy Perry: vun der Futtball-WM op de Kierchbierg
Katy Perry: vun der Futtball-WM op de Kierchbierg
© JOSE BRETON/NurPhoto via AFP

E Sonndeg den Owend huet d'Katy Perry um Open Air zu Nanzeg gespillt. Am Publikum huet sech ënnert anerem der Sängerin hiren aktuelle Partner, de fréiere Premier vu Kanada, Justin Trudeau opgehalen, wéi op e puer Fotoen ze gesinn ass, déi am Internet zirkuléieren. Wéi et schéngt, ass de Politiker mat op Tour. Op engem Video ass ze gesinn, wéi d'Musekerin an hir Band virum Optrëtt zu Nanzeg hannert der Bün nach emol zesumme kommen, a matten dran ass den Trudeau.

Nodeems de Politiker virun dräi Joer d'Trennung vu senger Fra bekannt gemaach hat, war et Enn 2025 déi offiziell Confirmatioun vu senger Relatioun zum Katy Perry gewiescht. Hien ass sech och net ze schued, fir senger Partnerin hir nei Single "Watch it burn" an engem klenge Clip mat ze promoten a spréngt gutt gelaunt duerch d'Bild.

Mat méi wéi 150 Millioune verkaafte Placken ass d'Katy Perry eng vun den erfollegräichste Musekerinnen op der Welt. Si ass schonn an der berüümter Halftime Show vum Super Bowl opgetrueden a stoung rezent zu Los Angeles bei der Ouverture vun der Futtball-Weltmeeschterschaft op der Bün. Den nächste sportlechen Optrëtt waart iwwregens de 25. September op d'US-Amerikanerin, wa si am Kader vum Formel 1 Grand Prix vun Aserbaidschan zu Baku wäert optrieden.

Soll d'Katy Perry hiren RTL-Lanyard vun 2009 nach hunn?
Soll d'Katy Perry hiren RTL-Lanyard vun 2009 nach hunn?
© RTL Archiv

Bis Enn des Mounts ass d'Sängerin, déi virun engem gudde Joer kritiséiert gi war wéinst hirem kommerzielle Vol an de Weltall, op Europatour an zwee Deeg nom Concert um Kierchbierg wäert si op engem Festival an der Bretagne spillen. Ob do iwwerall hire Partner Justin Trudeau wäert dobäi sinn, ass am Virfeld awer net bekannt gemaach ginn.

Back to Top
CIM LOGO