Campagne "Arbres Remarquables"Appell vun der Naturverwaltung: Mellt eis äre spezielle Bam

Monique Kater
Zënter Abrëll leeft eng Campagne vun der Naturverwaltung, déi d’Leit wëllt fir d'Arbres Remarquables begeeschteren. 80 Beem goufe scho gemellt a ginn elo evaluéiert.
Campagne "Arbres Remarquables"
Zënter Abrëll leeft eng Campagne vun der Naturverwaltung, déi d’Leit wëllt fir d'Arbres Remarquables begeeschteren.

Eng 240 därer Beem sinn haut offiziell als besonnesch wertvoll geschützt, entweder wéinst hirem héijen Alter oder hirer spezieller historescher Bedeitung. Well et därer eventuell méi gëtt, wéi bekannt, freet den Emweltministère d'Bierger, sech ze mellen, wa se esou en extrae Bam kennen, deen eng Plaz op dëser Lëscht verdéngt huet.

Am Stater Parc, nieft der Fondation Pescatore, steet en enormen, wonnerschéine Käschtebam! Och deen huet et schwéier, bei dësen héijen Temperaturen. 105 Joer ass en al, de Bam deen zu Éiere vun der Gebuert vum Prënz Jean gesat ginn ass.

© RTL

Ouni Diskussioun, en Arbre remarquable! Also derwäert, fir ze schützen. Dem Ministère geet et bei dëser Campagne net em Alleeën, mee ëm Beem, déi eenzel stinn an dat vläicht bei engem doheem am Gaart!.

D'Martine Neuberg, Chefinn vum Service Forêts vun der Naturverwaltung, leet Wäert op den Alter vum Bam, säin Ëmfang, e soll eng grouss Kroun hunn, oder och nach eng commemorativ Bedeitung.

Zwillings-Eech tëscht Buerg- a Jonglënster: E potentielle Kandidat

Dat hei ass esou e Kandidat, deen iwwer dem Ministère säin Online-Formulaire ka signaléiert ginn: eng al Zwillingseech steet ganz eleng uewen op der Gewan, scho liicht duerch Maschinne verschampeléiert - als Maark villäicht fir béid Felder auserneenzehalen, oder souguer als Grenz tëscht Buerg- a Jonglënster?! Den historeschen Hannergrond - oder tout court, ob e gemellte Bam en extra Schutz verdéngt - gëtt akribesch evaluéiert. A wann en dann den "Ok" krut, leeft d'Procedure publique un. 3 Méint, bannent deenen ee säin eventuellen Desaccord kann areechen.

Strenge Schutz an héich finanziell Hëllef beim Entretien

Wéinst där Prozedur dauert dat ganzt dann och e Strapp, mee wann de Bam da bis de Statut huet, ass e vill méi streng geschützt wéi an der normaler Protektioun duerch d'Naturschutzgesetz! Ewechmaache kënnt also net a Fro, ausser: aus sanitäre Grënn, oder wéinst Utilité publique. Well den Entretien bei ale Beem e gutt Stéck méi komplizéiert ass, hëlleft de Staat: mat 50% vun de Käschte vum Gäertner oder Spezialist, dat Joer wou de Bam op der Waardelëscht steet, a wann e bis en Arbre remarquable ass, gi 75% zréckbezuelt – allerdéngs muss een des Hëllef virdrun ufroen a geneemegt kréien. Berodung gëtt et och gratis; kontrolléiere kéim och een.

D'Campagne dauert bis an den Oktober eran

80 Beem goufen zënter Abrëll gemellt – doriwwer freet sech d'Naturverwaltung, déi d'Campagne virum Hierscht wäert relancéieren, mam Message, dass eis Beem lieweg Zeie si vun eiser Geschicht a Kultur an eis Alliéiert am Klimawandel.

Back to Top
CIM LOGO