
Och de Gros vum Geméis gëtt importéiert. Manner wéi 3% komme vu Lëtzebuerger Baueren. Den Daryl Fuchs an de Manuel Arrillaga hunn dofir eng Start-Up-Entreprise gegrënnt. Mam “Fësch-Haff” wëlle si lokal a virun allem nohalteg Fësch a Geméis produzéieren.
Dat Ganzt nennt sech Aquaponik – e Mix aus der Aquakultur, also der Fëschzuucht an dem Ubau vu Geméis an Uebst ouni Buedem. Et ass e Kreeslaf, bei deem d’Waasser vun de Fësch och fir d’ Planzen benotzt gëtt.
D’Waasser mat den Ausscheedunge vun de Fësch géif an d’Hydroponik gepompelt, also bei d’Planzen, erkläert den Daryl Fuchs. Do dotëscht misst et awer duerch e Bio-Reakter lafen, deen dës Ausscheedungen a flëssegen Dünger ëmwandelt. D’Planzen huelen d’Närstoffer iwwer d’Wuerzelen op a filteren esou d’Waasser nees. Dat kéint dann nees zeréck bei d’Fësch gepompelt ginn.
D’Entreprise ass nach net al a steet eréischt um Ufank. Déi zwee Grënner kommen u sech aus ganz verschiddene Beräicher, hu sech awer op der Uni kennegeléiert an zesummen un der Iddi vum Fësch-Haff geschafft, erkläert den Daryl, dee Material-Wëssenschaften studéiert a sech op Fliger-Materialien an 3D-Drock spezialiséiert huet. De Manuel ass Bio-Ingenieur a këmmert sech méi ëm d’Déieren an d’Planzen.
Déi zwee hu bis ewell och schonn eng ganz Rei Geméiszorte ugebaut. Zaloten, Courgetten an Chillien z.B. – neierdéngs och méi Kraider. Well alles zesummenhänkt, muss ëmmer gekuckt ginn, fir de System am Gläichgewiicht ze halen. Sollt z.B mol eng Pompel ausfalen, riskéiert een, datt d’Fësch stierwen, dofir brauch een Ersatz-Pompelen, déi am Noutfall kënnen asprangen. D’LED-Luuchte kéint een ëmmer op d’Besoine vun de Planzen astellen, dofir kann och d’ganzt Joer iwwer ugebaut ginn. De System muss virun allem awer 100% biologesch sinn. Pestizide géingen de Fësch schueden a mat Antibioticken géingen d’Planze futtigoen. An engem grousse Betrib hätt een herno nieft den Zären eng Rei Fëschtanken, déi matenee verbonne sinn. Um Fësch-Haff gëtt nach mat engem Prototyp geschafft – e Container, wou d’Planzebetter an d’Fëschtanken dra sinn. Den Ament ass de System awer nach relativ deier – e klengen Container kascht tëscht 30.000€ a 40.000€
D’Homarden, déi hei geziicht ginn, sinn e bësse méi grouss wéi Scampien, schmaachen awer änlech a kéinten dës an Zukunft och ersetzen. D’Homarde wuesse relativ séier – deemno wéi grouss d’Demande ass, wier dëst dofir vu Virdeel. De Fësch-Haff huet nieft hinnen och nach Forellen. Méi spéit kéinten nach méi Zorte Fësch dobäikommen.
Méi Informatioune zu der Start-Up-Entreprise fënnt een och op fesch-haff.lu.