Franz Fayot confirméiertArcelorMittal liwwert Stol a Russland

RTL Lëtzebuerg
Et stëmmt, datt ArcelorMittal iwwert d'Schmelz am Kasachstan Stol fir de Maart a Russland exportéiert. Wéi et heescht fir d'Baubranche, trotz Sanktiounen.

Et stëmmt, datt ArcelorMittal iwwert seng Schmelz am Kasachstan Stol fir de Maart a Russland exportéiert. Wéi et heescht, fir d’Baubranche, an dat trotz wirtschaftleche Sanktiounen. Dës RTL-Nouvelle confirméiert de Wirtschaftsminister Fayot, dee parallel preziséiert, datt jiddwer Firma selwer responsabel derfir ass, datt déi finanziell an ekonomesch Sanktioune vis-à-vis vu Russland respektéiert ginn, déi et zanter dem Ufank vun der Invasioun an der Ukrain ginn.

De Stolgrupp huet allemol dem Minister Fayot confirméiert, datt all due-diligence-Bestëmmunge vun der Duechtergesellschaft am Kasachstan agehalen ginn.

Iwwert d’kommerziell Decisioune vun ArcelorMittal wëll de Franz Fayot keng Appreciatioun ginn.

De Lëtzebuerger Staat ass als Aktionär och net am Verwaltungsrot vum Grupp vertrueden.

De Franz Fayot seet awer och, datt hien insistéiert, datt all Precautioune missten geholl ginn, datt d’Stolliwerunge vum Kasachstan aus a Russland net fir militäresch Zwecker benotzt ginn.

Dës Informatioune gëtt den Ekonomiesminister op eng urgent parlamentaresch Fro vun de Piraten-Deputéierte Goergen a Clement.

Back to Top
CIM LOGO