
Den onbekannten Täter huet d’Caissière mat engem spatze Géigestand menacéiert an huet si opgefuerdert, d’Keess eidel ze maachen. De Mann huet sech du mat 456 Euro duerch d’Bascht gemaach.
Wéi d’Police mellt ass de Verdächtegen een tëscht 1,90 an 2 Meter grousse Mann, dee fléissend Franséisch geschwat huet. Hien hat eng wäiss Box, ee schwaarze Kaputzepullover a schwaarz Schong un.
Nom Iwwerfall huet sech de gesichte Mann iwwert e Parking a Richtung vun der Rue de l’Eau zu Nidderkäerjeng duerch d’Bascht gemaach. D’Police freet eventuell Zeie vun der Dot, sech bei hinnen ze mellen.
All Hiweiser si fir de Policebüro Déifferdeng ënnert der Nummer 244531000 oder der Mail police.differdange@police.etat.lu. Och de Service Police Judiciaire Section RGB kann een an deem Zesummenhang kontaktéieren, dat ënnert der Nummer 244601110 oder der Mail spj.rgb@police.etat.lu.