
Et war 10.15 Auer, wéi dës Foto gemaach gouf.
Normalerweis kënnegt sech d'Fréijoer un, wann d'Krukerte oder d'Hoergänsen, wéi een d'"Kranichen" op Lëtzebuergesch nennt, nees Richtung Norde fléien an dobäi impressionnant Distanzen zeréckleeën. Et ass dofir awer am Fong nach e bësse fréi a mir wëssen och net, ob dës Formatioun iwwert dem Belair Richtung Norden ënnerwee war.
Loosse mer mol kucken, ob et eng eemoleg Siichtung war, oder ob nach méi där Krukerte-Formatiounen ënnerwee sinn.