Kooperatioun zënter 1997Ausseminister a Kooperatiounsminister Xavier Bettel am Laos

RTL Lëtzebuerg
Eng Delegatioun vu Lëtzebuerg ass dës Woch am Laos op Besuch, fir sech de Fortschrëtt vu verschiddene Projete selwer unzekucken.
© Céline Spithoven

Den Ausseminister a Minister vun der Kooperatioun Xavier Bettel ass um Méindeg mat enger Delegatioun am Laos ukomm. Zënter 1997 ass de Laos e Kooperatiounsland a gëtt vu Lëtzebuerg finanziell ënnerstëtzt. Ronn 1 Prozent vum PIB gëtt an Entwécklungslänner investéiert. Am Laos wëll ee mat dëse Sue géint d’Aarmut virgoen. Lëtzebuerg ënnerstëtzt hei gréisstendeels Projeten am Gesondheetssecteur, an der Educatioun an an der ländlecher Entwécklung.

© Céline Spithoven

Op senger Visitt wäert den Ausseminister eng Partie vun dëse Projete besichen, wou Lëtzebuerg seng Fanger am Spill hat. Dorënner eng Klinik, eng Hotelschoul an Dierfer, wou LuxDevelopment an d’Caritas am Asaz sinn.
Mat op Visitt sinn ënnert anerem den Deputéierte Sven Clement vun de Piraten an den Deputéierte Gusty Graas vun der DP.

Back to Top
CIM LOGO