Serie Natur (Deel 2)Ausstellung am Ellergronn soll iwwer Klimasituatioun opklären

Christophe Hochard
Am Ufank vun der Summervakanz kucke mer an eiser "Serie Natur" e bëssen op méi speziell Plazen oder Déieren hei am Grand-Duché.

Zwee Kilometer vun der Stad Esch ewech läit den Naturschutzgebitt Ellergronn. Ronderëm déi al Cockerill’s Minn stinn nach Gebaier. Nieft engem Restaurant gëtt et zanter kuerzem eng Expositioun. Si soll ee wakereg rëselen, et wär nämlech 5 vir 12, wat d’Klimasituatioun an hir Auswierkungen op Mënsch a Natur betrëfft.

Serie Natur - Ausstellung am Ellergronn
Net wäit ewech vun Esch soll eng Expo d’Auswierkung vun der Klimasituatioun op Mënsch an Natur weisen.

Serie Natur (Deel 1): Agroforst: Landwirtschaft a Forstwirtschaft kombinéieren

Back to Top
CIM LOGO