
Déi néi Ausstellung “Widderstand, Verfolgung, Deportatioun”, déi e Samschdeg um Weltfraendag am Nationalmusée fir Resistenz a Mënscherechter zu Esch opgeet, mécht genee dorobber opmierksam. Si erzielt vun deene Fraen, déi sech am Zweete Weltkrich géint d’Ënnerdréckung gewiert hunn, verfollegt a verschleeft goufen.
Besonnesch d’Leed vun de Fraen, déi an de Konzentratiouns- a Lager-Systemer vun den Nazien agespaart goufen, steet am Fokus. Eng vun de bekanntste Plaze, wou si internéiert goufen, war d’KZ Ravensbrück – dat gréisste Frae-Konzentratiounslager vum nationalsozialistesche Regime. Hei goufe Fraen aus ganz Europa hibruecht, vill vun hinne well se Membere vun der Resistenz waren, anerer well se net an d’ideologesch Weltbild vun den Nazie gepasst hunn. Am Lager goufe si zu Zwangsaarbecht gezwongen, mësshandelt a vill hu missen hiert Liewe loossen.
D’Ausstellung, déi vu Ravensbrück kënnt, erzielt awer net nëmme vu Fraen déi do hiert Liewe gelooss hunn, mee och vu Lëtzebuergesche Fraen, wéi de Frank Schroeder, Direkter vum Musée erkläert :
“Mer hunn natierlech och op déi zeréck gegraff, déi schonn am Musée eng Roll spillen, d’Yvonne Useldinger zum Beispill, d’Madelaine Weis-Bauler, d’Marie Bricks, dat si Leit déi hei am Süden an zu Esch, zu där Zäit eng wichteg Roll gespillt hunn, déi och nom Krich eigentlech aktiv waren. Dat si Fraen, déi sech och scho virdrun an och dono ganz staark engagéiert hunn, engersäits gewerkschaftlech oder anerersäits och an der Fraebeweegung an der Nokrichszäit.”
D’Ausstellung ass gläichzäiteg de Start vum “Women in Conflict"-Zyklus, deen d’Roll vu Fraen an historeschen a moderne Konflikter beliicht. Dës Ausstellung dauert vum März 2025 bis September 2026.
Eng Fro déi opkënnt, ass, ob ee Parallellen zu der Aktualitéit erkennt, Frank Schroeder :
“Et ginn op d’mannst Phenomener, déi et an der Vergaangenheet gi sinn, déi mer eigentlech elo och rëm gesinn a verschidde Länner, och a Länner vun deene mer am Fong geduecht haten, datt se demokratesch sinn, datt se d’Mënscherechter als Valeuren hunn. Soubal ech dat ufänken, d’Fräiheete vu senge Bierger anzeschränken, soubal ech dat ufänken, Gewaltentrennung ze attackéiere soubal ech dat ufänken, d’Pressefräiheet net méi zouzeloossen, da si mer natierlech an Entwécklungen déi schwiereg ginn. Fir elo een direkte Verglach virun allem mam Nationalsozialismus ze maachen, sou wäit si mer zum Gléck nach net, an ech hoffen dass mer net esou wäit kommen, mee jo Phenomener sinn à la Base déi selwecht, och wa mer net esou wäit sinn, dass et ëm eis eege Fräiheete geet.”
Dës Ausstellung ass net nëmmen e Bléck an d’Vergaangenheet, mee och eng wichteg Reflexioun iwwer Resistenz, Courage a Gerechtegkeet - och an eiser haiteger Welt.