
Wéi et am Policebulletin heescht, hätt d'Fra, déi hannert dem Steier vum Auto souz, d'Kontroll iwwert hiert d'Gefier verluer a ass géint e Bam gerannt. D'Automobilistin huet dobäi keng schwéier Blessuren dovugedroen, allerdéngs ass um Auto en Totalschued entstanen.
Wéi d'Police an Alkoholtest bei der Fra duerchgefouert gouf, koum eraus, dass si ënner Alkoholafloss hanner dem Steier souz. D'Fra gouf protokolléiert, konnt de Permis awer halen.