Tëscht Essen a KruuchtenAuto géint Bam - SAMU huet mussen an den Asaz

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 6.30 Auer koum et zu engem méi heftegen Accident op der Streck tëscht Essen a Kruuchten.
© Domingos Oliveira

An enger Lénkskéier hat hei en Automobilist d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass du frontal an e Bam gerannt. Déi lokal Pompjeeën, grad ewéi de SAMU waren am Asaz.

Wéi de CGDIS matdeelt, gouf eng Persoun verwonnt. Am Asaz waren den Ettelbrécker SAMU, d’Ambulanz Nordstad, grad ewéi d’Pompjeeë vun Noumer, Biissen a Miersch.

Back to Top
CIM LOGO