CGDISAuto géint Bam tëscht Aasselbuer an Ëlwen - 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend géint 21.50 Auer ass op der Nationalstrooss 12 en Automobilist mat sengem Gefier an e Bam gerannt.

Wéi de CGDIS schreift, gouf eng Persoun verwonnt. Op der Plaz war eng Ambulanz vu Clierf an d’Pompjeeë vun Ëlwen.

Kuerz no 22 Auer gouf et dann en Accident tëscht 2 Autoen zu Keel an der Näerzenger Strooss. Heibäi goufen zwou Persoune verwonnt. D’Pompjeeë vu Keel, grad ewéi zwou Ambulanze vu Schëffleng goufen an den Asaz geruff.

Back to Top
CIM LOGO