CGDISAuto géint Bam tëscht dem Katrewang an Dondel - 1 Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
Géint 5.20 Auer ass op der RN12 en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Kielen an d'Ambulanz aus der Stad.

Kuerz virun 10 Auer huet et tëscht Stroossen an dem Briddel, op der Héicht vum Fräiheetsbam gerabbelt. Et waren e puer Autoen an deen Accident verwéckelt, wéi de CGDIS mellt, eng Persoun gouf verwonnt. D'Pompjeeën aus der Stad a vu Bartreng waren am Asaz, grad ewéi d'Stater Ambulanz.

Zu Munneref op der Route de Remich koum et e Méindeg am Nomëtteg zu engem Accident, bei deem 1 Automobilistin uerg blesséiert gouf. 2 Autoe waren am Coup. D'Fra war vun Elleng a Richtung Munneref ënnerwee, wéi si mat engem Auto, dee vun der A13 koum, kollidéiert ass. Duerch den Opprall ass d'Gefier e puer Meter méi wäit am Gruef vun der Géigespuer gelant. Hei gouf d'Automobilistin liicht blesséiert. Alle béid koumen an d'Spidol.

En Dënschdeg de Mëtteg hat et op der A13 tëscht Munneref an dem Tunnel Markusbierg gerabbelt. 3 Persoune goufen hei blesséiert.

1 Blesséierte gouf et zu Schandel an der Duerfstrooss. Hei sinn 2 Gefierer net laanschtenee komm.

Back to Top
CIM LOGO