Streck geraumtAuto géint Bam zu Hiefenech bei der Kierch

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 15.30 Auer ass op der N14 op der Héicht vun der Kierch zu Hiefenech en Auto, aus ongekläerte Grënn, an e Bam gerannt.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi de CGDIS schreift, goufen dräi Persoune beim Accident blesséiert. Op der Plaz waren nieft dem Noutdokter vun der AirRescue oder d’Ambulanciere vu Jonglënster an der Fiels, grad ewéi d’Pompjeeë vun Hiefenech.

D’Strooss war, wéi d’Police geschriwwen hat, deels blockéiert. Antëscht wier d’Streck awer nees geraumt.

Donieft waren d’Rettungsdéngschter vu Käerjeng-Péiteng kuerz no 16 Auer op Kënzeg geruff ginn, nodeems et hei tëscht zwee Ween geknuppt hat. Och hei gouf eng Persoun blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO