CGDISAuto iwwerschléit sech tëscht Hiefenech a Guedber

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend kuerz no 20.30 Auer koum et zu engem Accident op der Streck Hiefenech - Guedber, woubäi eng Persoun blesséiert gouf.
© Domingos Oliveira / RTL

En Automobilist hat sech mat sengem Gefier iwwerschloen.

D’Secouriste vun Hiefenech, aus der Fiels a vu Jonglënster waren op der Plaz.

Um Mëttwoch de Moie kuerz virun 8 Auer koum et zu engem Accident tëscht Habscht a Käerch. 2 Autoe waren hei anenee gerannt. Wéi de CGDIS mellt, gouf 1 Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Mamer an d'Pompjeeë vun Habscht waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO