ZeienopruffAuto krut eng Foussgängerin zu Stroossen ze paken

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 18.10 Auer koum et um Parking vun engem Supermarché an der Areler Strooss zu Stroossen zu engem Verkéiersaccident.
© RTL-Grafik

Dobäi krut en Auto eng Foussgängerin ze paken, déi liicht blesséiert gouf. De Chauffer ass weider gefuer, ouni sech ëm d’Fra ze këmmeren.

An dësem Zesummenhang sicht d’Police nom Chauffer a weidere Persounen, déi Informatiounen iwwert den Accident hunn. Zeie vum Virfall solle sech dohier bei der Police vu Capellen/Stengefort per Telefon mellen (+352) 244 301 000, oder iwwer E-Mail u Police.CAPELLENSTEINFORT@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO