
Wéi de CGDIS am Bulletin schreift, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. D’Streck war dann och wärend den Opraumaarbechte fir den Trafic gespaart, wéi een am Trafic-Info vum ACL liese konnt.
Géint 14.30 Auer hat et tëscht Hamm a Sandweiler gerabbelt. Hei gouf och eng Persoun verwonnt.
Kuerz no 11 Auer waren zu Esch an der Rue Henri Koch zwee Autoen net laanschtenee komm. Wéi bei den aneren zwee Accidenter, gouf et hei och ee Blesséierten ze notéieren.