
Wéi et vun der Police heescht, wier de Won vun der Bunn ofkomm, duerch en Drot gefuer an hätt sech doropshin e puer Mol iwwerschloen. De Chauffer gouf bei der Kollisioun liicht blesséiert.
Géint 16.30 Auer war en Automobilist op der A7 am Zickzack ënnerwee. Zu Biissen konnt de Chauffer gestoppt ginn. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall, de Permis war nach op der Plaz fort.
Zu Ettelbréck an der Rue des Romains gouf der Police géint 4 Auer en Automobilist gemellt, dee mat sengem Gefier an en Haus gerannt a geflücht ass. De Chauffer an de beschiedegten Auto konnte kuerz drop ermëttelt ginn. Bei der Kontroll koum eraus, datt den Automobilist ze vill gedronk hat, wouduerch hien de Permis huet missen ofginn. Donieft war de Won net verséchert a gouf doropshi vun de Beamte saiséiert.