
En Donneschdeg den Owend gouf d'Police op Téiteng an d'Rue du chemin de fer geruff, nodeems e puer Awunner gemellt haten, dass si Téitschen an hiren Autoen hätten.
Op der Plaz goufen 10 Autoe gezielt, déi alleguer kleng Téitschen hannen am Auto haten.
D'Awunner hunn d'Theorie, dass et sech dobäi ëm Aschosslächer vun enger Drockloftpistoul kéint handelen.
Schonn e Mëttwoch goufen 3 änlech Fäll an derselwechter Strooss zu Téiteng gemellt.
D'Police vun Esch sicht dowéinst elo no Zeien, déi eventuell gesinn hunn, wéi et zu deene Beschiedegunge konnt kommen, Telefon: 244 50 5500.

Och zu Beetebuerg an der Munnerefer Strooss goufen och Gefierer beschiedegt. Hei waren et allerdéngs éischter Schréipsen, an net Aschosslächer. Bei 4 Autoe goufen d'Bäifuerersäite wuel mat engem spatze Géigestand zerkraazt.