Police-BulletinAutomobilist ouni Wanterpneuen a Führerschäin, awer vill ze séier

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg géint 23.20 Auer gouf op der A13 en Automobilist gestoppt, dee mat 160 amplaz den erlaabten 110 km/h ënnerwee war. Dat war awer net alles...

Et sollt sech erausstellen, dass de Chauffer mat engem Locatiounsauto ënnerwee war, deen net mat Wanterpneuen equipéiert war. Déi si bei den aktuelle Stroosseverhältnisser awer Flicht. Des weideren hat de Chauffer kee valabelen franséische Führerschäin. Den Auto gouf immobiliséiert an de Mann protokolléiert.

Zu Déifferdeng an der avenue de la Liberté gouf géint 21.45 Auer en Auto gestoppt, well en ouni Geliits ënnerwee war. Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv... de Führerschäin gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO