
Deen huet nämlech probéiert sech der Kontroll ze entzéien, wouduerch et zu enger kuerzer Course poursuite komm ass.
Obwuel d’Polizisten den Automobilist stoppe konnten, wollt dësen net aus sengem Auto klammen an huet sech gewiert. D’Poliziste konnten en allerdéngs immobiliséieren, allerdéngs gouf dobäi och ee vun hinne liicht verwonnt. E Protokoll wéinst Rebellioun gouf doropshi geschriwwen. Et war awer net deen eenzegen.
De Chauffer konnt kee Fürerschäi virweisen, an e wollt keen Alkoholtest maachen. Dobäi waren d’Unzeeche vun Alkoholkonsum eendeiteg.