
De Leefer war bei Rout iwwert d'Strooss gejoggt, wouropshin en an e Sträit mat engem Autoschauffer geroden ass.
Dësen huet de Mann op eemol mam Aarm gepaakt an ass lass gefuer. De Mann gouf ronn 20 Meter matgeschleeft, wouduerch e blesséiert gouf an eng Partie Verstauchungen erlidden huet.
De schëllege Chauffeur huet sech duerch d'Bascht gemaach. Seng Plackennummer ass allerdéngs bekannt.