Uergen Accident um Bloen EckAutomobilistin no Farerflucht festgeholl

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass et an der Mëttesstonn op der N14 Héicht Bloen Eck zu engem méi schroen Accident tëscht engem Motorrad an engem Auto komm.
© Domingos Oliveira

D’Streck tëscht dem Bloen Eck an Dikrech war bis kuerz virun 18 Auer gespaart.

De Motocyclist gouf beim Accident schwéier blesséiert. De Rettungshelikopter war op der Plaz.

Wéi d’Police am Nomëtteg matdeelt, hat éischten Informatiounen no eng Automobilistin, déi vu Folkendeng a Richtung Steeën ënnerwee war, d’Virfaart mëssuecht a war dono mat engem Motocyclist kollidéiert, deen op der N14 a Richtung Dikrech ënnerwee war.

D’Fra war nom Accident geflücht, konnt awer spéider mat Hëllef vum Policehelikopter op engem Parking zu Ettelbréck ermëttelt a vu Beamte gestallt ginn.

Si gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an huet e Samschdegmoie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO