
En Autosfuerer an e Foussgänger hate sech do an d'Hoer kritt.
Dat soll esou wäit gaange sinn, datt den Autosfuerer de Foussgänger beim Aarm geholl an du Gas ginn hätt. De Foussgänger, esou d'Police, wier e puer Meter matgeschleeft a blesséiert ginn.
En Dënschdeg huet d'Police en Zeienopruff lancéiert: Aenzeie solle sech bei der Police an der Stad um Tel. 244 40 4500 mellen.