Op der A13Bagger hat Gasleitung beschiedegt, Autobunn nees op

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch kuerz virun 10 Auer huet e Bagger eng Gasleitung zu Schëffleng beschiedegt, dat an der Géigend vun der A13.
© Domingos Oliveira / RTL

RTL-Informatiounen no ass de Schued un der Leitung op der Héicht vun engem Chantier bei der rouder Bréck zu Schëffleng geschitt.

© Domingos Oliveira / RTL

Wéinst de Reparaturaarbechten huet d’Autobunn dowéinst a béid Richtungen tëscht Schëffleng a Keel komplett misste gespaart ginn.

Deviatioune ware via d’Echangeure Schëffleng a Keel verlaf. Géint 11.40 Auer goung d’Streck rëm fir de Verkéier op.

Back to Top
CIM LOGO