Hätt d’Caritas kënne gerett ginn? D’Nathalie Frisch, Member vum Verwaltungsrot vun der Fondation Caritas an och vum Krisecomité mengt, dass sech do vill Acteuren hätte missen anescht behuelen.
D’Banke wieren hei e grousse Problem. Och si hätten an der ganzer Caritas-Affär nämlech eng Responsabilitéit gehat. Et kéint net behaapt ginn, dass et bei der Caritas guer keng Sécherheetsprozedure ginn hätt, fir Fraude z’evitéieren. Et wiere Kreditter mat enger eenzeger Ënnerschrëft vun engem Member vun der Direktioun accordéiert ginn. Dat ouni d’Wëssen oder den Accord vum Verwaltungsrot, wéi dat virgesi wier. Eigentlech hätt all Virement missen eng duebel Signature hunn.
D’Banken hätten et dem Staat dono och schwéier gemaach, dass dësen iwwerhaapt hätt kënne finanziell hëllefen. Wéinst de Kreditter, déi bei de Banke fir de Fraude opgeholl goufen, géinge si Usproch erhiewen op all d’Suen, déi géingen erakommen. “Op déi Manéier huet d‘Bank Drock gemaach, fir ze soen, lo muss dir eis d‘Sue ginn, obwuel dat kontestéiert ass. An dat ass eng vun de Problematiken, déi de Staat hei warscheinlech hat, fir ze soen, wa mir elo direkt Sue ginn, da kommen d‘Banken a soe gitt eis se”, seet d’Nathalie Frisch. Firwat esou wéineg iwwert d’Roll vun de Banke geschwat gëtt, géing wuel och un hirem ekonomesche Gewiicht leien.
Dacks koum an de leschte Wochen a Méint och d’Fro op, ob d’Caritas net selwer duerch hire Patrimoine, also de Verkaf un Immobilien, u méi Liquiditéit kéint kommen. Dat wier awer net esou einfach, betount d’Nathalie Frisch. D‘Immobilie wieren oft Ierfschaften an dann och u Restriktioune gebonnen, wat d‘Aktivitéiten an de Gebaier ugeet. Bei anere wier d’Notzung duerch Konventiounen definéiert. Mat deene Gebailechkeete kéint een net egal wat maachen.
De Caritas-Verwaltungsrot ass den Ament nach fir 40 bis 50 Leit responsabel. Dorënner d’Salariéen aus der Coopération internationale, déi, déi a CDDe waren an och nach fir déi, di am Krankeschäi sinn an dowéinst eventuell nach net bei der neier Associatioun Hëllef um Terrain (HUT) ënnerschriwwen hunn. “Mir probéieren, esou laang wéi méiglech a mat alle Moyenen ze verhënneren, dass mer mussen an d‘Licenciementer kommen. An dofir ass bis elo och nach kee Plan social ugefaange ginn, well mer optimistesch sinn, dass awer nach eng Méiglechkeet besteet, fir deene Leit eng Offert ze maachen an hirem Beräich”, ënnersträicht d’Nathalie Frisch. Et géing esou ausgesinn, wéi wann een ugangs nächster Woch deene Leit kéint Propose fir eng nei Aarbecht maachen.
Dass d‘Kommunikatioun vum Krisecomité mat de Salariéë schlecht gewiescht wier, léisst d‘Nathalie Frisch net gëllen. Et wier sech reegelméisseg mat de Personaldelegatiounen ausgetosch ginn. Dem OGBL hätt ee genee duergeluecht, wéi ee virgëtt. “Et ass immens erstaunlech, dass een do déi Reprochë gemaach kritt, dass net geschwat gi wier. Respektiv, dass d‘Leit ënner Drock gesat gi wieren”, mengt d’Nathalie Frisch. Wisou d’Aarbechtskontrakter bei HUT eréischt esou spéit konnten ënnerschriwwe ginn, wier de Leit erkläert ginn. Dës hätten eréischt kënnen ënnerschriwwe ginn, nodeems d’Konventiounen do waren. Schliisslech hätt fir d’éischt misse sécher sinn, wat an de Konventioune géing dra stoen.
Et wier de Caritas-Salariéën awer gesot ginn, dass se déi selwecht Konditioune bei HUT géinge kréien, wéi virdrun. Wann e Feeler am Kontrakt wier, géing dat geännert ginn. Beim Ënnerschreiwen hätten och den OGBL an d‘Personaldelegatioun kënnen dobäi sinn. D’Nathalie Frisch fënnt, dass et den OGBL gewiescht wier, deen Drock op d’Personal gemaach hätt, andeems dëse sot, dass d’Leit net sollen ënnerschreiwen. Dobäi hätten se um Enn awer all selwer ënnerschriwwen.
D’Kommunikatioun mam Bistum ass an den Ae vum Nathalie Frisch dann och anescht gewiescht, wéi dacks duergestallt géing ginn. De Bistum wier zu all Ament informéiert gewiescht, wat an der Affär Caritas géing lafen. Reegelméisseg hätt ee Vertrieder vum Bistum am Verwaltungsrot Rapporte gemaach. Am Ufank esouguer all Dag. Et wier just keng Audienz beim Kardinol ugefrot ginn. Bescheed gewosst hätt d’Kierch awer zu all Moment, wou ee mat der Caritas dru wier. Eng Optioun, déi een duerchgaange wier, wier och gewiescht, fir ze kucken, ob d’Kierch hätt kënnen d’Caritas retten, andeems se eng zweet Caritas gegrënnt hätt. Si hätt dëst awer net wollten oder se hätt dat offensichtlech net gekonnt.
Bei der Fro, ob et sech hei ëm en Transfert d’entreprise handelt oder net, preziséiert d’Nathalie Frisch, datt een hei eben eng ganz speziell Situatioun hat: “De But vun der ganzer Gestioun war jo einfach, fir datt éischtens mol Beneficiairen en continu hir Prestatioune géife kréien, an datt Salariéë kéinte weider eng Aarbechtsplaz hunn, an datt si weider bezuelt gi wéi virdrun a keng Desavantagen haten. Ob een dat elo mat oder ouni Transfert d’Entreprise mécht, an ob dat elo esou ee war, an esou qualifiéiert gëtt oder net ... de But war jo, datt kee soll e Schued drun hunn, an dat ass dat, wat erreecht ginn ass”.