"Eis Beem loosse sech weisen!"Mat neier Sensibiliséierungscampagne sollen "arbres remarquables" besser geschützt ginn

Chris Meisch
Aktuell sinn eng 240 Beem als "arbres remarquables" klassifizéiert an doduerch och besonnesch geschützt.

"Eis Beem loosse sech weisen!" Ënnert dësem Numm lancéiert den Ëmweltministère zesumme mat der Naturverwaltung eng nei Informatiouns- a Sensibilisatiounscampagne, fir d'Leit op remarkabel Beem opmierksam ze maachen an dofir ze sensibiliséieren. Zu Lëtzebuerg goufe bis ewell ronn 240 vun dësen aussergewéinleche Beem offiziell erfaasst an ënner spezielle Schutz gestallt. D'Campagne invitéiert d'Leit iwwerdeems, bei der Identifikatioun vu potentiellen "arbres remarquables", déi geschützt kéinte ginn, matzemaachen.

Remarkabel Beem / Reportage Chris Meisch

Iwwer 300 Joer, een Ëmfang vun iwwer 5 Meter an de Statut vum Fräiheetsbam. D'Eech zu Mutfert beim "Roudebësch" zielt zu engem vun den 240 "arbres remarquables", déi aktuell am nationale Regëster erfaasst a geschützt sinn. Fir esou klasséiert ze ginn, muss de Bam bestëmmte Critèren erfëllen, wéi d'Martine Neuberg vun der Naturverwaltung erkläert.

"Wéi zum Beispill een décke Stamm, eng ganz breet Kroun. Den Alter spillt eng ganz wichteg Roll, heiansdo spillt och d'Form eng wichteg Roll, wéi zum Beispill Beem, déi op enger Fielsnock stinn an esou just do hale bleiwen. Wat och nach eng Roll spillt, si Beem, déi zu engem bestëmmten Evenement geplanzt gi sinn, zum Beispill fir een historescht Evenement."

Wann een esou ee spezielle Bam bei sech um Terrain stoen huet oder soss iergendwou an der Natur gesäit, kann een dee bei der Naturverwaltung mellen.

"Da kann een dee Formulaire ausfëllen, mat der Beschreiwung vum Bam, e puer Fotoe kann een eroplueden, mat enger Ënnerschrëft drënner an dat dann iwwer den Instanzewee zréckschécken. Mir sammelen déi dann a maachen eng Analys dovun, ob e wierklech dann déi Mierkmoler huet. A wann en déi huet, kënnt en an ee Pool, wou dann ausgewäert gëtt, wéi eng Beem mir schlussendlech zréckbehalen, fir op d‘Lescht fir déi nächst 'arbres remarquables' auszeweisen."

Wann de Bam dann an de Regëster vun den "arbre remarquable" kënnt, ass en iwwer d‘Naturschutzgesetz protegéiert, wéi den Ëmweltminister Serge Wilmes erkläert.

"Dee muss da wierklech protegéiert ginn, et dierf een net deem säi Wuerzelraum oder seng Kroun schneiden, et dierf een net einfach do eppes bei de Bam maache goen. Deen ass da wierklech en temps que tel als Bam strikt geschützt. A wann deen elo op engem senger Privatproprietéit wier an et muss een do Aarbechte maache loossen, fir deen ofzesécheren, déi dann natierlech och konform gemaach ginn, da kann ee bis zu 75 Prozent Subside kréien, déi 75 Prozent vun de Käschte vun där Aarbecht wäert decken.

Et wier wichteg, esou bemierkenswäert, mä virun allem al Beem ze schützen, ënnersträicht d'Naturverwaltung, well et immens laang dauert, bis en neie Bam esou eng eenzegaarteg Gréisst erreecht an déi selwecht Quantitéit un CO₂ späichere kann. An engems bidden dës al Beem wichteg Liewensraim fir vill Déieren- a Planzenaarten a leeschten domat en entscheedende Bäitrag zum Erhale vun der Biodiversitéit.

Weider Informatiounen, den nationale Regëster mat den 240 Exemplairë an d'Méiglechkeet, selwer Beem als "arbres remarquables" virzeschloen, fënnt een op emwelt.lu an op arbresremarquables.lu.  

Back to Top
CIM LOGO