Politesch Affären 2021: Deel 4Bannent 2 Deeg hu gläich dräi Ministeren hire Récktrëtt erkläert

Mariette Zenners
Dës Woch geet et an eisem Joresréckbléck ëm déi politesch Onrouen, déi mer dëst Joer zu Lëtzebuerg duerchgemaach hunn.
Politesch Affären 2021: Deel 4
Et war ee politesch mouvementéiert Joer an um Enn hu bannent zwee Deeg och nach gläich dräi Ministeren hire Récktrëtt ugekënnegt.

An där politesch Onroue goufen et eng jett, mat Premièrë wéi nach ni virdrun.

Eng Lëtzebuerger EU-Deputéiert, déi wéinst Mobbing gespaart gëtt.

Eng grouss Vollekspartei, déi hiren eegene President viru Geriicht hëlt.

E Premier, dee grave Plagiat virgehäit kritt.
Vun der Affär Semedo iwwert den CSV-Frëndeskrees Prozess bis hin zu de Plagiatsreprochë géint de Premier – et war ee mouvementéiert Joer an um Enn hu bannent zwee Deeg och nach gläich dräi Ministeren hire Récktrëtt ugekënnegt.

Mir sinn Enn November, et geet Schlag op Schlag. D’Ministere Kersch a Schneider kënnegen hire Récktrëtt un. Aus perséinleche Grënn zitt de Landwirtschafts- a Sécurite-sociale-Minister Romain Schneider sech no 27 Joer ganz aus der Politik zréck.

“Ech hunn effektiv och Problemer mam Schlof, ech hu Problemer mat enger ganzer Rei aner Saachen. Ech mengen, datt et Zäit gëtt, fir effektiv no enger laanger politescher Karriär ze soen, Stopp elo. An ech kucken och do no menger Gesondheet.”

Spueren hannerlooss hunn déi lescht Joren a Méint och beim Vizepremier an Aarbechtsminister Dan Kersch:

“No aacht Joer als Minister weess een och am beschten, ob een nach an der Lag ass, fir 100 Prozent oder heiansdo esouguer méi, vun deenen ech geschwat hunn, ze ginn oder net ze ginn. An ech hu ganz bei mir den Androck, dass ech dat net méi esou kann, wéi ech mir et wënschen. A wann een net méi esou kann, wéi ee sech et wënscht, da riskéiert een, datt een et net méi sou gutt mécht, wéi ee mengt, dass een et misst maachen.”

Dee léisst awer nach op, ob hien déi nächst Walen nach emol fir d’Chamber wäert untrieden. Een Zil fir seng Partei huet den Dan Kersch jiddefalls nach:

“E ganz konkret parteipolitescht Zil ass, dass d’LSAP déi nächst Wale soll wannen. An net nëmme soll wannen, mä stäerkst Partei soll ginn a villäicht déi éischte Kéier an der Geschicht vu Lëtzebuerg, de Premierminister a firwat net esouguer eng Premierministesch stellt.”

Den Dan Kersch gëtt vum LSAP-Fraktiounspresident Georges Engel ersat. D’Ressorte vum Romain Schneider iwwerhëlt den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen.

Dee selwechten Dag, den 30. November gëtt bekannt, dass de Finanzminister Pierre Gramegna fir d’Enn vum Joer vu sengem Posten zrécktrëtt.

“Ech halen op, well ech decidéiert hunn, dass ech géing 2023 net mat an d’Wale goen an ech hu menger Partei dat gesot an ech wëll de Wieler dat och soen. Ech wëll och dobäi soen, ech ginn net aus Gesondheetsgrënn.”

Och den 30. November verléiert déi aktuell Regierung der Sonndesfro no hir Majoritéit. Duerch ee Minus vu 4 Sëtz vun der DP, kéim Blo-Rout-Gréng just nach op 29 Vertrieder am Parlament obwuel d’LSAP zouleet. Gréisst Verléierer – der Sonndesfro no - CSV an DP, grouss Gewënner d’Piraten an d’ADR.

Wat ee Revirement bannent 6 Méint.

Wee gëtt neie Finanzminister? D’Iwwerraschung ass perfekt, déi aktuell Haffmarschall Yuriko Backes, erfueren Diplomatin, Cheffin vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der EU-Kommissioun a fréier Beroderin vun de Staatsminister Juncker a Bettel ass bereet den Defi unzehuelen.

D’Yuriko Backes, zukünfteg Finanzministesch: “Dat ass natierlech e ganz groussen Challenge, mä ech hoffen, dass mat mengem Background als Diplomat, menger Erfarung och um europäeschen an internationalen Niveau an och um Lëtzebuerger Niveau, dass ech do ka weider, wéi gesot op engem aneren Niveau, mä am Interêt vum Land ka schaffen.”

Ee clevere Schachzuch vun der DP. Eng Fra, déi am Zentrum untrëtt an déi nach Zäit huet, sech beim Wieler bekannt a beléift ze maachen. Vläicht ee Géigepol zu der LSAP-Lenert-Dominanz.

Back to Top
CIM LOGO