An där politesch Affäre goufen et eng jett, mat Premièrë wéi nach ni virdrun.
Eng Lëtzebuerger EU-Deputéiert, déi wéinst Mobbing gespaart gëtt.
Eng grouss Vollekspartei, déi hiren eegene President viru Geriicht hëlt.
E Premier, dee grave Plagiat virgehäit kritt.
3 Ministeren, déi um Enn vum Joer hirer Wee ginn an dat an engem Ament, wou déi aktuell Regierung - de Sondagen no - hir Majoritéit verléiert.
D’CSV hat mam Prozess CSV-Frëndeskrees fir vill Opreegung gesuergt. D’DP hirersäits hat och mat villen Onrouen ze kämpfen. No der Affär Semedo stoungen dëst Joer awer och d’Familljeministesch an de Premier perséinlech ënner Drock.
Ee Covid-Cluster am Nidderkuerer Altersheem Um Lauterbann mat iwwer 20 Doudesfäll suergt am Fréijoer fir Oprou. D’CSV kritiséiert, dass speziell d’Familljeministesch net genuch géif maachen, fir d’Leit an den Alters- a Fleegestrukturen ze schützen a géif mat falsche Chifferen opréieren.
De Michel Wolter, CSV-Deputéierten: “Si huet der Ëffentlechkeet d’Wourecht virenthalen an domadder zu enger grousser Veronsécherung a Roserei an der Bevëlkerung gefouert. Inklusiv bis an hir eege Partei eran.”
De Jeannot Waringo, dee jo schonn d’Gestioun vum Haff ënnert d’Lupp geholl hat, gëtt dermat beoptraagt, d’Covid-Clusteren an den Alters- a Fleegeheemer z’ënnersichen a kënnt Mëtt Juli an engem Experten-Rapport zur Conclusioun, dass näischt grondleeënd falsch gemaach gouf, mee dass et awer vill Duerchernee gouf bei der Kommunikatioun a bei der Gestioun, wou ee Kriseplang gefeelt hätt. Déi gesamt Oppositioun freet dorops hin d’Demissioun vun der Familljeministesch.
Déi 31 Deputéiert vun de Majoritéitsfraktioune verwerfen d’Récktrëttsfuerderung vun der Oppositioun, d’Gesondheetsministesch stellt sech virun hir Regierungskolleegin, déi de Waringo-Rapport als konstruktiv Kritik gesäit an d’Récktrëttsfuerderung als onbegrënnt politesch Attack.
D’Corinne Cahen: “Dat war iwwerhaapt net de Sënn an Zweck vun der Oppositioun, fir ze waarden op dee Rapport. Dat war hinnen egal. Si wollte just politique politicienne maachen an ech muss soen, dass dat mir immens Leed deet, well ech fannen, dass d’Land Politiker verdéngt huet, déi sech ëm Saache streiden, ëm d’Aart a Weis, et muss een net ëmmer enger Meenung sinn, dat ass normal, dass een net ëmmer enger Meenung ass, mä et soll een ëmmer de Ball spillen an net d’Fra oder de Mann. An an dësem Fall ass dat awer esou däitlech, dass et aneschters ass, an dat mécht mech am Fong traureg.”
No senger Parteipresidentin geréit dëst Joer och de Premier ënner Drock. No der éischter Impfung am Mee kritt hien no Nationalfeierdag de Coronavirus. Ass awer Mëtt Juli nees an der Ëffentlechkeet ze gesinn, wéi Deeler vum Land vu schroen Iwwerschwemmunge getraff ginn. De Premier, nach gezeechent vu senger Covid-Erkrankung, mécht dat wat him gutt läit: Op d’Leit duergoen, se tréischten. Op säi Gesondheetszoustand ugeschwat, gëtt hien deen Ament net gär.
De Premier Xavier Bettel: “Ech denken un d’Leit, mäin, et ass mir egal. Haut war et mir wichteg, fir bei de Leit ze sinn, fir de Leit ze weisen, dass mir solidaresch sinn. Net nëmmen eng Regierung, mä och e d’ganzt Vollek. Ech hunn haut Nopere gesinn, Frënn gesinn, Famillje gesinn, een deem aneren hëllefen. Ech sinn een houfrege Premierminister an egal ob krank oder net krank. Ech sinn houfreg op d’Lëtzebuerger.”
Méi spéit am Joer trëfft et de Xavier Bettel awer op engem aneren Niveau. Reporter.lu deckt op, dass de Staatsminister bei enger Unis-Ofschlossaarbecht de Gros ofgeschriwwen hätt, de Betraffene reagéiert an engem hallwe Mea culpa.
De Xavier Bettel: “Ech hunn elo net hei probéiert, ze fuddelen, ze tricksen, dass dat, wat wéi deet, mä bon, mat Krittäre vun haut schéngt et op jiddefalls net an der Rei ze sinn, mä och deemools war et net super. Ech stinn dozou, also et war keng Glanz-Aarbecht. De Faite ass, dass jo och eng Fro vun der Glafwierdegkeet, och vun der ganzer Politik. Dir hutt jo och gesinn, ech weess elo net, ob ee Journalist d’Fro wollt stellen, mä d’Glafwierdegkeet vun der Politik, et deet mir Leed, wann dat doten eng Téitsch ginn huet.”