Dës Woch geet et an eisem Joresréckbléck ëm déi politesch Affären, déi mer dëst Joer zu Lëtzebuerg duerchgemaach hunn.

An där politesch Affäre goufen et eng jett, mat Premièrë wéi nach ni virdrun.

Eng Lëtzebuerger EU-Deputéiert, déi wéinst Mobbing gespaart gëtt.

Eng grouss Vollekspartei, déi hiren eegene President viru Geriicht hëlt.

E Premier, dee grave Plagiat virgehäit kritt.

3 Ministeren, déi um Enn vum Joer hirer Wee ginn an dat an engem Ament, wou déi aktuell Regierung - de Sondagen no - hir Majoritéit verléiert.

Am 2. Deel vun eiser Serie geet et ëm eng Partei, déi speziell vu sech schwätze gedoen huet: D'CSV. D'Mariette Zenners kuckt op d'Affär CSV-Frëndeskrees zréck.

Iwwerdeems d'Impfcampagne am Fréijoer weider lues uleeft mat Liwwerproblemer bei de Vaccinen an neie Reesrestriktiounen duerch méi ustiechend Varianten, zeechent sech no der Affär Monica Semedo ee weidere politesche Skandal of. Dës Kéier bei der gréisster Oppositiounspartei. Et war, zanter dass de Frank Engel 2019 President gouf, gewosst, dass hien ee gudden Deel vun der Partei net hannert sech stoen huet. Wéinst engem Aarbechtskontrakt, deen hie mat der ASBL CSV-Frëndeskrees ofgeschloss huet, huet seng eege Fraktioun hien am Mäerz dëst Joer beim Parquet denoncéiert, well dee Kontrakt an hiren Ae fiktiv war.

D'Martine Hansen, CSV-Fraktiounspresidentin: "Ech muss soen, de Partie-President huet eis do an eng onméiglech Situatioun bruecht. Mir hätten dat heite léiwer net gemaach, mä den Avis juridique ass esou kloer, dee seet ganz einfach, dir musst dat doen un de Parquet weiderginn".

Ech hu mir näischt virzewerfen, seet de Concernéierte selwer: "Vu lo un ass et um Parquet, fir ze decidéieren, wat e mat där Denonciatioun mécht. Ech bleiwen dobäi, well soss hätt ech dat vun Ufank un net gemaach. Datt dat, wat mir do gemaach hunn, vun Ufank un an der Rei war an ech mir näischt virzewerfen hunn".

Zwee Deeg drop zitt hie Konsequenzen an trëtt als President zréck.

Alt erëm muss de Spëtzekandidat vun de leschte Walen hier. De 24. Abrëll gëtt de Claude Wiseler op engem digitale Kongress als neien CSV-President gewielt.

Wéi hien d'Partei an d'Regierung nach geleet huet, wier sou eng Geschicht onvirstellbar gewiescht. Dat do war net néideg, seet de Jean Claude Juncker. Fraktioun a Frank Engel hätt sech kënnen eens ginn, ouni dass dat Ganzt viru Geriicht lant.

De Jean-Claude Juncker, CSV-Éierestaatsminister: "Ech ginn dovunner aus, dass wann zwee Leit e Litige, e Konflikt mateneen hunn, och wann et ëm d'Sue geet, an eng Partei soll iwwer Suen an der Ëffentlechkeet ni streiden, da kann een dat doduerch léisen, dass ee matenee schwätz. An et muss een net, fir dat emol sou ze soen, virun e Riichter zéien. An enger Partei mécht een dat net. Hien an déi aner hätten dee Problem anescht kéinte léisen".

Dass mam Claude Wiseler ee Mann d'Parteispëtzt iwwerhëlt, deen net grad fir Erneierung steet, gesäit de fréiere Staatsminister anescht an huet och ee gudde Rot u seng Partei.

De Jean-Claude Juncker: "Déi Leit, déi mat mir schwätzen, déi solle viru mat mir schwätzen. An déi an der Direktioun vun der Partei, déi déi net mat mir geschwat hunn déi lescht Joren, sollte sech iwwerleeën, ob et net heiansdo gutt gewiescht wier, wa se géife mat mir ze schwätzen. Ech schwätzen net vum Claude Wiseler a vum Martine Hansen, mat deenen ech lafend Kontakter hat a mat deenen ech gär schwätzen".

Um Prozess ronderëm de Frank Engel am Hierscht gëtt kloer, wéi grouss de Malaise an der Partei ass. Mat op der Uklobänk sëtzen ëmmerhi Partei-Memberen, déi d'Faite géint de Frank Engel selwer mat denoncéiert haten, sech also souzesoe selwer mat ugesicht hunn. Et kënnt kloer eraus, dass Drock vun den Haaptleit vun der Fraktioun gemaach gouf.

Et ass just drëms gaangen, mech lasszeginn, seet de Haaptbetraffene Frank Engel.

De Frank Engel: "D'Leit sinn an d'Fraktioun zitéiert ginn, d'Fraktioun huet een Avis juridique bestallt, d'Fraktiounscheffin korrespondéiert mam Parquet, am Büro vum Fraktiounssekretär ginn Ënnerschrëften ernéidegt. Seet dat Iech eppes? Mir schonn".

Um Enn gëtt et ee Fräisproch fir all d'Ugekloten an déi fréier grouss Lëtzebuerger Vollekspartei kuckt mat Zweckoptimismus an Zukunft.

De Claude Wiseler: "Dat Urteel, dat erlaabt mer awer an deem Erneierungsprozess vun der Partei, deen absolutt wichteg ass an deen awer duerch déi ganz Prozedur elo hei ganz beachtlech gebremst ginn ass, fir ganz einfach do weiderzefueren. Dat heescht, elo gëllt et fir mech, déi nächst Etappe vun der Erneierung vun der CSV unzegräifen an dat kënne mir elo maachen".

Sinn et intern Reiwereien oder eng net iwwerzeegend Oppositiounsaarbecht?
Dem Politmonitor vu Mëtt November no ass d'CSV nach just mam Claude Wiseler am Top 10 vertrueden an an der Sonndesfro vun Enn November verléieren déi Chrëschtlech Sozial nach emol a lande mat elo 15 Sëtz - wuel nach ëmmer stäerkst Partei - op engem historeschen Déifpunkt.