LogementskommissiounBannent engem Joer sinn d'Wunnengspräisser ëm iwwer 10% an d'Luucht gaangen

Lynn Cruchten
STATEC no sinn net nëmmen nei gebauten Appartementer, mä och al Haiser méi wéi 10% méi deier ginn.
D'Situatioun um Wunnengsmaart
An der Zäit vu groussem Wuesstem gouf zu Lëtzebuerg net genuch gebaut, sou de Marc Lies.

Dës Zuele goufen en Donneschdeg an der zoustänneger Chamberkommissioun méi genee analyséiert. Dobäi huet sech erausgestallt, datt grouss Bauprojeten, wéi beispillsweis op der Cloche d'Or, wou op ee Koup ganz vill Wunnenge fir méi en héije Präis verkaf ginn, e groussen Afloss op Statistiken hunn. Riets goung en Donneschdeg de Moien och iwwert d’Finanz-, Wirtschafts-, a Scholdekris, duerch déi Lëtzebuerg eng extrem Migratioun erlieft huet, wat och en Impakt op d’Wunnengssituatioun am Grand-Duché hat, erkläert den CSV-Député-Maire Marc Lies.

Marc Lies vun der Logementskommissioun

D'Ekonomie am Grand-Duché hätt weider geboomt an et wiere weider Aarbechtsplaze geschaaft ginn, wat e groussen Afloss op de Wuesstem hei am Land gehat hätt. Allerdéngs wier an där Zäit net genuch gebaut ginn. 2008 wier ee mat 4.444 Wunnengen um Maximum gewiescht, sou vill Logementer wieren duerno pro Joer ni méi gebaut ginn. Deemno géif et elo e Manktem u Wunnengen hei am Land ginn, deen d'Präisser an d'Luucht géing dreiwen. Datt vum nächste Joer un d'Bauaktivitéit nach weider soll ofhuelen, kann d'CSV net novollzéien. D’Regierung wier hei gefuerdert a misst d’Logementsproblematik als Prioritéit ugesinn. De Staat misst deemno massiv Terraine kafen an abordabele Wunnraum schafen, mengt d’CSV.

Fir d'LSAP wier iwwerdeems eng Analys vum „Leerstand" zu Lëtzebuerg néideg. Et misst een erausfannen, firwat Proprietäre Wunnengen eidel stoe loossen an eventuell mat steierleche Mesuren dogéint ukämpfen. D'Piratepartei ass der Meenung, et misst méi an d'Luucht gebaut ginn. De Max Hahn vun der DP huet nach emol op d'Zesummeschaffe mat de Gemengen higewisen an un de Besoin vu Beroder vum Ministère erënnert, déi klengen a mëttelgrousse Gemenge beim Dossier Logement ënnert d'Äerm solle gräifen.

De grénge Logementsminister Henri Kox verséchert, datt d’ëffentlech Hand scho gefuerdert ginn ass mat Reglementer, déi ënnerwee sinn, a Gesetzer, déi iwwerschafft ginn. E Beispill wier de Baulandvertrag, mat der Flicht, Terrainen, déi an de Perimeter kommen, och effektiv zäitno ze bebauen.

Back to Top
CIM LOGO