AuslandsvisittBausch an Turmes besichen Haaptlivreur fir Äerdgas

RTL Lëtzebuerg
E puer Deeg iert d'Regierung d'Energie-Spuermoossname fir den Hierscht/Wanter presentéiert sinn de Vizepremier an den Energieminister an Norwegen.

Dat skandinavescht Land ass den zweetgréissten Exporter vun Äerdgas weltwäit an Haaptlivreur fir Lëtzebuerg.
D’Energiekris an d’Transitioun a Richtung erneierbar Energie wäerten Haaptthema bei der Rees sinn.

Iwwerdeems ginn d’Ministeren och verschidden Entreprisen aus dem Secteur besichen a wëllen d’Zesummenaarbecht fir d’Produktioun vun nohaltegem Kraaftstoff fir d’Aviatioun verdéiwen.

De François Bausch wäert sech iwwerdeems och a senger Funktioun als Verdeedegungsminister mat sengem Homolog iwwert notamment d’Konsequenze vum russesche Krich an der Ukrain austauschen.

Bettel an Tanson a Litauen

D’Lëtzebuerger Zaldoten, déi am Kader vun enger Nato-Missioun zu Rukla a Litauen stationéiert sinn, kréien dës Woch da Besuch vum Premier Xavier Bettel an der Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson.
Déi 2 Regierungsmember sinn um Méindeg an Dënschdeg op offizieller Visitt am baltesche Land. 6 Lëtzebuerger Militär sinn den Ament zu Rukla.

Back to Top
CIM LOGO