
Vun den 21 Firmen, déi de Finanzministère oplëscht a wourunner de Staat Participatiounen hält, koumen zejoert eng 192 Milliounen Euro an d'Staatskeesen. Viru 5 Joer waren dat nach ronn 10 Millioune méi.
Gréisst Mëllechkéi waren de Grupp BNP Paribas an d'BGL, déi iwwer 88 Milliounen un Dividenden erabruecht hunn.
Dat äntwert de Finanzminister Gramegna op eng entspriechend parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierte Serge Wilmes. D'Analyse vum matgeliwwerten Tableau ass interessant.
Well zum Beispill duerch d'staatlech Parte bei der Spuerkeess all Joer genee 40 Milliounen an d'Staatskeess kommen. Identesch Situatioun fir de Post-Grupp, deen dem Staat zanter Joren exakt 20 Milliounen iwwerweist.
D'Differenze kommen dann awer bei de Gesellschaften, déi zum Deel op der Bourse kotéiert sinn: wéi gesot bréngt d'Participatioun beim Bankegrupp BGL BNP Paribas am meeschten, zejoert ëmmerhin 88 Milliounen, 2017 souguer eng Rekordzomm vun iwwer 97 Milliounen.
Do ass d'Differenz zu der BIL frappant, eng Bank, un där de Staat 10% vun de Parten hält: zejoert gouf keng Dividend iwwerwisen, 2017 waren et ronn 6 Milliounen, 2016 ronn 7 Milliounen Euro.
Stramm Fluktuatiounen och bei der Cargolux, eng Airline, déi tëscht 2013 an 2017 keng Dividend un de Staat bezuelt huet, mee zejoert awer dunn 1,4 Milliounen.
Un der Cargolux ass de Staat mat 8,3% bedeelegt, wat eng nominell Valeur vun 38 Milliounen duerstellt.
Ähnlech Situatioun fir d'Luxair: zejoert sinn 1,2 Milliounen un Dividendë bezuelt ginn, iwwerdeem d'Jore virdru keng Sue gefloss sinn.
Un der Luxair ass de Staat mat 39% bedeelegt, wat nominell ronn 5,4 Milliounen ausmaachen.
2015 an 2016 goufen et quasi keng Dividendë vum Stolgrupp Arcelor Mittal, zejoert awer hunn d'Dividendë fir de Staat nees liicht gespruddelt a ronn 1,1 Milliounen ausgemaach.
Méi bréngt d'Participatioun um Satellitten-Operateur SES eran, am Cumul 26 Milliounen.
De Finanzminister präziséiert dann och op eng Fro vum Serge Wilmes, datt de Staat net envisagéiert, fir d'staatlech Bedeelegungen an enger eenzeger Struktur beieneenzetässelen.
Am Regierungsprogramm ass awer virgesinn, mat engem Koordinatiouns-Comité en neie Gremium ze schafen, deen no Analyse vun allen direkten an indirekte Participatiounen Propositioune soll maachen, fir d'Gestioun vum ganze Portefeuille ze verbesseren.
Allemol präziséiert de Pierre Gramegna och, datt de Portefeuille kee spekulativen ass, fir e Rendement ze maximiséieren, mä vill méi d'politesch Choixen op laang Siicht soll zeréckspigelen.