Aus dem PolicebulletinGedronk, gefuer, Bréckemauer beschiedegt a mam Auto iwwerschloen

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt direkt e puer Virfäll vum Méindeg den Owend respektiv aus der Nuecht op en Dënschdeg.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

E Méindeg géint 16.30 Auer goufen d'Police an de CGDIS op den CR123 tëscht Kruuchten an Essen geruff, well hei en Auto accidentéiert war. Wéi am Policebulletin ze liesen ass, krut den Automobilist hei déi kleng Bréckemauer ze paken an huet dowéinst d'Kontroll vu sengem Auto verluer. Doduerch ass d'Gefier an e klengen Hiwwel geroden an huet sech iwwerschloen. Um Daach ass den Auto du leie bliwwen. Esouwuel d'Gefier wéi och d'Bréckemauer goufe beschiedegt. De Chauffer, deen éischten Informatiounen no keng gréisser Blessuren hat, koum an d'Spidol. De Permis awer krut hien ofgeholl, well säin Alkoholpeegel däitlech ze héich war.

Zu Schëffleng war du géint 4 Auer en Dënschdeg e Moien en Auto bal mat engem Policewon kollidéiert. Och hei war de Chauffer staark alkoholiséiert.

Géint 5 Auer war dunn am Rond-point Iergäertchen a Richtung Réimech en Auto opgefall, dee Schlaangelinne gefuer ass. Op der Héicht vum Kreesverkéier bei er Cargolux konnt de Won gestoppt ginn. Den Automobilist huet zouginn, datt hie gedronk hat, wat duerch den Test confirméiert gouf. Och säi Permis war fort.

Eng véierel Stonn méi spéit huet dann och e Chauffer säi Fürerschäin verluer, nodeem hien tëscht Gonnereng a Fluessweiler alkoholiséiert ënnerwee war.

Da mellt d'Police, datt an der Nuecht géint 3:40 Auer an der Stad am Park op der Héicht vum Pirateschëff eng Persoun iwwerfall gouf. Dem Iwwerfall waren awer eng verbal a physesch Ausernanersetzung ervirgaangen, bei deem d'Affer sech eng Schnëttwonn um Been zougezunn hat. Den Handy war him dunn och nach geklaut ginn.

30 Fäll vum Stéiere vun der Nuetsrou gouf et dann um Virowend vun Nationalfeierdag. Ee Fall huet d'Police erausgezunn, well si e Badminton-Match tëscht Jugendlechen kuerz no Mëtternuecht zu Lamadelaine hu missten ofbriechen.

Back to Top
CIM LOGO