
Hei geet et ëm de Finanzement vum Islam a Frankräich an an Europa, grad ewéi ëm déi terroristesch Organisatioun a Fondatioun "Katar Charity", déi de Muslim-Bridder ganz no stoe soll. An deem Buch géif och Lëtzebuerg zitéiert ginn, well iwwer 2 Milliounen Euro an d'Moschee vu Bouneweg solle gefloss sinn.
Den CSV-Deputéierte Laurent Mosar hat an deem Kontext eng parlamentaresch Fro un de Premier Xavier Bettel gestallt a wollt wëssen, ob hie vun dëse Finanzementer eppes weess, wat hien dovunner hält an ob e Gesetz iwwer de Finanzement vun de Kulte misst agefouert ginn.
De Laurent Mosar krut dann och eng Äntwert. A sëlleche Länner solle Projete fir 70 Milliounen Euro ënnerstëtzt gi sinn. Allerdéngs missten dës Behaaptungen iwwerpréift ginn. Et kéint ee sech net op dat baséieren, wat d'Auteure geschriwwen hunn, betount de Premier Xavier Bettel.
Et géife Reegelen iwwert d'Finanzementer ginn an déi hätt och d'Schura ze respektéieren, esou de Xavier Bettel.
D'Buch "Katar Papers" enthält ebe geheim Dokumenter vun der ONG "Katar Charity", déi vun enger katarescher Kinneksfamill finanzéiert gëtt an der Terrororganisatioun Muslim-Bridder soll nostoen.
An deenen 295 Säite vum Buch ginn eben déi kataresch Pläng beschriwwen, Extremismus an Europa ze verbreeden an 140 Finanzéierungsprojete verëffentlecht vu Moscheeën, Schoulen an Zentere fir Verbänn, déi mat de Muslim-Bridder solle verbonne sinn.
D'Katar-Fondatioun wier dat stäerksten Element am klengen Emirat, ënnersträichen déi zwee Journalisten. Fir eng Etüd ze maachen, wiere se a 6 europäesche Länner gewiescht, virun allem a Frankräich, Italien an an der Schwäiz. D'Buch ass eng nei Enquête vu Reseauen, Methoden a Perséinlechkeeten, déi vun der Finanzéierung vum Katar an Europa profitéieren a weist, datt d'Katar-Fondatioun 35.000 Euro fir de Loun vum Tariq Ramadan, den Enkel vum Grënner vun de Muslim-Bridder, bezilt.