AppellsprozessBehält den ëmstriddenen Dr. Benoît Ochs seng Beruffszouloossung?

Diana Hoffmann
Den Dokter Benoît Ochs war am Juli d'lescht Joer an éischter Instanz derzou verurteelt ginn, ee Joer net méi däerfen z'exerzéieren.

E Mëttwoch de Mëtteg geet an der Staat den Appell-Prozess géint den Dr. Benoît Ochs un. An éischter Instanz war e Beruffsverbuet vun engem Joer decidéiert ginn. Dëst, wëll hie géint den Deontologiekodex vun de Medezinner verstouss huet. Den Dr. Benoît Ochs war géint dat Urteel an Appell gaangen.

An éischter Instanz gouf sech mat der Fro beschäftegt, wat en Dokter däerf a wat net. Op en zum Beispill dierft d’Pandemiebekämpfung vun der Regierung ëffentlech hannerfroen oder Saache wéi d’Impfstrategie virun engem Publikum a Fro stellen?

De Collège médical mengt, et géing deem widderspriechen, zu deem sech en Dokter verflicht huet, dee wëll zu Lëtzebuerg exerzéieren. Och géingen an dësem Fall géint Bestriewunge vun der Kollektivitéit verstouss ginn, d’Pandemie anzedämmen.

Sou war dann och am Juli festgehale ginn, datt den Dr. Benoît Ochs géint eng Rëtsch Artikele vum Code de déontologie vun de Medezinner verstouss hätt. Ënner anerem hätt hie sech net un e Protokoll vun der Santé gehalen a Corona-Patiente mat Medikamenter behandelt, déi net erlaabt waren. Driwwer eraus hätt hien och net ëmmer d’Maskeflicht respektéiert a sech géint d’Impfen ausgeschwat.

Den Dr. Ochs hat sech da verdeedegt, datt hie géing wëssenschaftlech Saachen a Fro stellen, fir e besseren Ëmgang mat der Pandemie ze fannen. Dëst awer zum Wuel vun de Patienten an net fir iergendengem ze Schueden.

Bis d’Urteel am Appellsprozess gesprach ass, däerf den Dr. Benoît Ochs awer weider senger Professioun nogoen. Och weiderhin ass hien an der Ëffentlechkeet bei Optrëtter op der sougenannter Marche Blanche ze gesi gewiescht, wou hie sech als Impfskeptiker ze erkenne gëtt. Direkt no dem Urteel an éischter Instanz huet hien och net do virdrun zréckgeschéckt, ze soen, datt Dokteren, déi Kanner den Impfstoff ginn, mat deenen Dokteren ze vergläiche wieren, déi een zu Nürnberg fonnt hätt. Beim Urteel awer hätt hie mat engem Sursis gerechent, sou den Dr. Ochs. D’Urteel am Appellsprozess soll de 16. Mäerz falen.

RTL-NEWS: Den Dr. Benoît Ochs dierf 1 Joer net exerzéieren

Back to Top
CIM LOGO