Vill Leit mat engem uergen Handicap géifen onnëtz an d’Euthanasie gedréckt ginn, well eng perséinlech Assistenz doheem net gesetzlech gereegelt wier, kritiséiert eng Behënnertenassociatioun a freet eng Entrevue mam Formateur.
D’Asbl “Wäertvollt Liewen” fuerdert am Interessi vu sämtleche Behënnertenassociatiounen elo am Kader vun de Koalitiounsverhandlungen eng Entrevue mam Formateur Luc Frieden. 2011 huet Lëtzebuerg eng UN-Konventioun ratifizéiert iwwer d’Begleedung an d’Ënnerstëtzung vu Leit mat Behënnerung. Wat d’Praxis ugeet, géifen et hei awer ëmmer nach ferm Lacunne an de Grand-Duché stéing am internationale Verglach zimmlech schlecht do. Eng Realitéit, déi déi nei Regierung esou séier wéi méiglech misst änneren.
Dass Mënsche mat enger Behënnerung selwer iwwer sech an hiert Liewen solle bestëmme kënnen, ass zu Lëtzebuerg nach net ukomm. Dat soen déi, déi am Alldag domadder konfrontéiert sinn. Zu den Efforte vun der Regierung gehéiert, nieft ugepasste Gesetzestexter, eng nei Kultur an der Gesellschaft, erkläert de Germain Weber, deen an dëser Saach mam Fuerschungsinstitut LISER zesummeschafft.
Lëtzebuerg wier nieft Ungarn dat Land an Europa, wou d’perséinlech Assistenz, ëm déi et hei geet, net entwéckelt wier. Dat dreift Leit op d’Strooss an dat erlieft de Jean-Marc Scheer mat senger Fra Nathalie zënter 24 Joer all Dag. Si ass doheem, mat ALS, enger méi uerger Form vu Sclérose en Plaque. Mat Hëllef vu Professionellen, déi duerch hire System genee wéissten, wat wéini ze maachen ass, ka si och weider doheem liewen. De Modell, un dee sech d’Leit hale mussen, hunn de Jean-Marc Scheer a seng Fra selwer opgesat. Dëse Modell leeft 24 op 24 Stonnen an dat trotz senger Brems, déi ee vum Gesetz operluecht krut. Eenzeg de Familljeministère hätt sech hinne an hirem Uleies géintiwwer oppe gewisen, erkläert de Jean-Marc Scheer vu “Wäertvollt Liewen”.
Eng richteg Lobby hätte si net, am Beräich ëm deen “Info Handicap” sech als Uspriechpartner vun der Regierung këmmere soll, schéngt et ze vill verschidden Intressien ze ginn. Mat enger Maniff, wéi déi vum 7. Oktober, gi si sech awer elo net zefridden. Hir Fuerderung ass kloer: déi nei Regierung misst handelen.